Xiomara Castro

honduranesch Politikerin
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Iris Xiomara Castro Sarmiento, bestuet Xiomara Castro de Zelaya, gebuer den 30. September 1959 zu Tegucigalpa, ass eng honduranesch Politikerin (Partido Libertad y Refundación).

Xiomara Castro
Funktioun
Presidentin vum Honduras
27. Januar 2022 -
Virgänger Juan Orlando Hernández
Partei Libertad y Refundación,
Partido Liberal de Honduras
Biographie
Gebuertsnumm Iris Xiomara Castro Sarmiento
Gebuer 30. September 1959
Tegucigalpa
Bestuet mat Manuel Zelaya
Kanner Xiomara Zelaya, Héctor Zelaya Castro

Si ass zanter dem 27. Januar 2022 Presidentin vum Honduras.

Liewen änneren

1979 huet si sech mam Politiker José Manuel Zelaya bestuet. Dëse gouf 2005 zum President vum Land gewielt, a si gouf Primera dama. 2009 huet d'Militär géint de Zelaya geputscht, an d'Xiomara Castro huet sech un d'Spëtzt vun der Protestbeweegung do dergéint gestallt.

Si gouf Matgrënnerin vun der Partei Libertad y Refundación (Libre). Wéi 2013 nees fräi Walen zougelooss waren, war d'Castro Presidentschaftskandidatin vu Libre, war awer dem Juan Orlando Hernández vun der konservativer Partido Nacional de Honduras ënnerleeën.

Um Spaweck änneren

Commons: Xiomara Castro – Biller, Videoen oder Audiodateien