William Ruto
De William Kipchirchir Samoei Arap Ruto, gebuer den 21. Dezember 1966 zu Kamagut, ass e kenianesche Politiker (UDA). Hien ass zanter dem 13. September 2022 de fënnefte President vun der Republik Kenia a Parteipresident vun der UDA, déi sech 2020 vun der fréierer PDR ëmbenannt hat.
William Ruto | |
---|---|
Gebuertsnumm | William Kipchirchir Samoei Arap Ruto |
Gebuer |
21. Dezember 1966 Kamagut |
Nationalitéit | Kenia |
Aktivitéit | Politiker, Geschäftspersoun |
Partei | UDA |
Famill | |
Bestuet mat | Rachel Ruto |
Virdru war hien tëscht 2002 an 2013 Deputéierten an hat verschidde Ministeschfonktiounen, dorënner vun August bis Dezember 2002 déi vum Inneminister, vun 2008 bis 2010 vum Landwirtschaftsminister a vun Abrëll bis Oktober 2010 vum Minister fir Héichschoulbildung. Vun 2013 bis 2022 war hie Vizepresident vum Land.
Seng Wal zum President, den 9. August 2022, war mat 50.49 % vun de gëltege Stëmmen knapps zu senge Gonschten ausgaangen, soudatt säi Konkurrent am Ballotage, de Raila Odinga, den Ausgang kontestéiert huet.[1] D'Iewescht Geriicht vum Land huet dem Ruto d'Walvictoire awer zougesprach.[2]
Um Spaweck
ännerenCommons: William Ruto – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "Kenya election: Raila Odinga challenges William Ruto win in Supreme Court." bbc.co.uk, 2022-08-22.
- ↑ "Kenya's Supreme Court upholds Ruto's narrow presidential win." Associated Press, 2022-09-22.