Ibrahim Boubacar Keïta

Den Ibrahim Boubacar Keïta, gebuer den 29. Januar 1945 zu Koutiala, a gestuerwen de 16. Januar 2022 zu Bamako, war e malesche Politiker.

Ibrahim Boubacar Keïta
Gebuer 29. Januar 1945
Gestuerwen 16. Januar 2022
Bamako
Nationalitéit Mali
Educatioun Universitéit Cheikh Anta Diop,
Lycée Janson de Sailly,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker

Hie war vum 4. September 2013[1] bis zu sengem Récktrëtt den 19. August 2020 Staatspresident vu Mali.

Virdru war hien ë. a. vun 1994 bis 2000 Premierminister a vun 2002 bis 2007 Parlamentspresident am Mali.

Säi Virgänger als Staatspresident war den Dioncounda Traoré, deen dat Amt kommissaresch hat.

Referenzen änneren

  1. Dem Mali säin neie President Keita ass vereedegt, Zeit Online, 4. September 2013