Mette Frederiksen

dänesch Politikerin a Ministerpresidentin

D' Mette Frederiksen, gebuer den 19. November 1977 zu Aalborg, ass eng dänesch Politikerin. Si ass zanter dem 28. Juni 2015 Presidentin vun der Sozialdemokratescher Partei (Socialdemokraterne) an zanter dem 27. Juni 2019 Ministerpresidentin vun Dänemark.

Mette Frederiksen
Gebuer 19. November 1977
Aalborg
Nationalitéit Dänemark
Educatioun Universitéit vu Kopenhagen
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei Sozialdemokraten

Si gouf 2001 eng éischt Kéier an de Folketing, dat dänescht Parlament, gewielt. 2005 gouf se Vizepresidentin vun hirer Fraktioun. Tëscht Oktober 2011 an Oktober 2014 war si Ministesch fir Aarbecht an der Regierung Thorning-Schmidt I an II, dono, bis zum Récktrëtt vun der Regierung, 2015, Justizministesch.

Den 28. Juni 2015 gouf si zu der neier Presidentin vun hirer Partei gewielt. Dës krut bei der Folketingswal vun 2019 déi meescht Stëmmen, sou datt et de 26. Juni 2019 zu enger Koalitioun mat anere Lénksparteie koum.

Um Spaweck änneren

Commons: Mette Frederiksen – Biller, Videoen oder Audiodateien