23. Mäerz
Datum
<< | Mäerz | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 |
2024 |
Den 23. Mäerz ass den 82. Dag vum Joer (83. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1792: Frankräich: D'Ministere vun de Feuillants ginn duerch Ministere vun de Girondins ersat.
- 1919: De Benito Mussolini grënnt zu Mailand d'faschistesch Beweegung.
- 1933: Den Däitsche Reichstag stëmmt d'"Ermächtigungsgesetz", dat daags drop a Kraaft trëtt.
- 1956: Pakistan gëtt déi éischt islamesch Republik.
- 1959: An Tibet gëtt géint d'chineesesch Virherrschaft protestéiert, de 14. Dalai Lama muss an Indien fortlafen.
- 1964: D'UNCTAD, d'Welthandelskonferenz vun de Vereenten Natiounen fänkt zu Genf un.
Lëtzebuerg
änneren- 1848: Déi alleréischt Nummer vum Luxemburger Wort kënnt eraus.
- 1929: Den Internationale Fraendag gëtt fir d'éischt zu Lëtzebuerg gefeiert.
Sport
änneren- 1947: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Marcel Rewenig geschoss.[1]
- 1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bratislava 2:2 géint Tschechoslowakei. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Marcel Paulus a Léon Letsch geschoss.[2]
- 1952: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg géint Schwäiz 2:2. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[3]
- 1994: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Marokko. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet denThomas Wolf geschoss.[4]
Raumfaart
änneren- 2001: D'Raumstatioun Mir, déi net méi gebraucht gëtt, gëtt kontrolléiert an d'Äerdatmosphäer gesteiert, wou se vergloust.
Gebuer
änneren-
Roger Martin du Gard
-
Herrmann Staudinger
-
Lale Andersen
-
Wernher von Braun
-
José Manuel Barroso
- 1635: Charles de Bentzeradt, Abt vun Orval.
- 1728: Jean Chappe, franséischen Astronom.
- 1823: Victor de Roebe, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1829: Norman Robert Pogson, engleschen Astronom.
- 1837: Richard Anthony Proctor, britteschen Astronom an Auteur.
- 1839: François de Waha, belsche Politiker a Finanzmann.
- 1881: Roger Martin du Gard, franséische Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 1881: Hermann Staudinger, däitsche Cheemiker an Nobelpräisdréier.
- 1889: Yukichi Chuganji, eng Zäit laang deen eelste Mënsch vun der Welt.
- 1900: Erich Fromm, US-amerikanesche Psychoanalytiker.
- 1902: Leonid Trauberg, russesche Regisseur.
- 1902: Josef von Báky, ungaresche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 1905: Lale Andersen, däitsch Schauspillerin a Sängerin.
- 1905: Joan Crawford, US-amerikanesch Filmschauspillerin a Sängerin.
- 1905: Paul Grimault, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 1910: Akira Kurosawa, japanesche Regisseur.
- 1910: Jean-Pierre Muller,lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1912: Wernher von Braun, däitsch-US-amerikanesche Rakéiteconstructeur.
- 1913: Joseph Brebsom, lëtzebuergesche Politiker.
- 1916: Pierre Hamer, lëtzebuergesche Jurist, Historiker an Auteur.
- 1922: Ugo Tognazzi, itialienesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 1926: Marcel Ernzer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1926: Conny van Rietschoten, hollännesche Seegelsportler.
- 1929: Mark Rydell, US-amerikanesche Filmregisseur, Filmproduzent a Schauspiller.
- 1936: Claude Faraldo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1939: Claude Schintgen, lëtzebuergesche Ringer.
- 1940: Boramy Tioulong, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 1944: Ric Ocasek, US-amerikanesche Museker.
- 1952: François Maroldt, lëtzebuergeschen Enseignant a Politiker.
- 1953: Kik Schneider, lëtzebuergesche Politiker a Member vum Staatsrot.
- 1954: Agnès Rausch, lëtzebuergesch 'Assistante d'hygiène sociale' a Member vum Staatsrot.
- 1956: José Manuel Barroso, portugisesche Politiker.
- 1961: Alain Nurenberg, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1966: Myriam Cecchetti, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1970: Sergueï Afanassiev, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1974: Peggy Leick, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1987: Laure Diederich, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
Gestuerwen
änneren- 1636: Jean Guillaume Wiltheim, lëtzebuergeschen Humanist, Geeschtlechen an Historiker.
- 1841: Jean-Baptiste Thorn, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1842: Stendhal, franséische Schrëftsteller.
- 1938: Joseph Steichen, lëtzebuergesche Jurist a President vum Staatsrot.
- 1956: Adolf Berens, Lëtzebuerger Schrëftsteller.
- 1964: Peter Lorre, US-amerikanesch-ungaresche Filmschauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1964: Wëllem Weis, lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen a Schrëftsteller.
- 1973: Nicolas Kinsch, lëtzebuergesche kathoulesche Bëschof.
- 1974: Clotilde Joano, franséisch Schauspillerin.
- 1977: Jean Welter, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 1983: Serge de Poligny, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur
- 1984: Jean Prouvé, franséischen Designer an Architekt.
- 1987: Maurice Labro, franséische Filmregisseur.
- 1992: Friedrich Hayek, éisträichesch-amerikaneschen Ekonomist.
- 1993: Hans Werner Richter, däitsche Schrëftsteller.
- 1994: Giulietta Masina, italieenesch Filmschauspillerin.
- 2008: Geneviève Soria, franséisch Schauspillerin.
- 2011: Elizabeth Taylor, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2014: Adolfo Suárez, spuenesche Politiker.
- 2015: Lee Kuan Yew, singapuresche Politiker.
- 2017: Lola Albright, US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
- 2019: Ferd Lahur, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 2021: George Segal, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2022: Madeleine Albright, US-amerikanesch Politikerin.
- 2023: Marion Game, franséisch Schauspillerin.
Feierdeeg
änneren- internationalen Dag vun der Meteorologie:WMO
Um Spaweck
ännerenCommons: 23. Mäerz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 23. Mäerz 1947 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 23. Mäerz 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frden 23. Mäerz 1952 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Marokko den 23. Mäerz 1994 op der Websäit vun European Football