De Jacques Perrin gebuer als Jacques André Simonet den 13. Juli 1941 zu Paräis an och do gestuerwen den 21. Abrëll 2022 , war e franséische Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.

Jacques Perrin
Gebuertsnumm Jacques-André Simonet
Gebuer 13. Juli 1941
14. Arrondissement
Gestuerwen 21. Abrëll 2022
17. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique
Aktivitéit Filmschauspiller, Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Lauschterbuchspriecher, Theaterschauspiller, Schauspiller
Member vun Académie des beaux-arts

Mat 15 Joer huet hie schonn zu Paräis Theater gespillt.

Am Joer 1960 krut hie seng éischt Haaptroll am Film La ragazza con la valigia vum Valerio Zurlini.

Mat Regisseure wéi Costa-Gavras, Claude Chabrol, Jacques Demy a Pierre Schoendoerffer huet e sech séier en Numm als Schauspiller gemaach.

Mat dem Film Z vum Costa-Gavras huet hie säin éischte Film produzéiert.

Ganz bedeitend Dokumentarfilmer wéi Microcosmos a Le peuple migrateur si vum Jacques Perrin produzéiert ginn. Am Film Le peuple migrateur huet hien och Regie gefouert.

Mat dem Film Les Choristes hat hien am Joer 2004 den erfollegräichste franséische Film vum Joer produzéiert. De Jacques Perrin ass de Monni vum Christophe Barratier, Regisseuer vum Film Les Choristes.

De Jacques Perrin ass de Brudder vun der Schauspillerin Eva Simonet, de Papp vum Schauspiller a Filmregisseur Mathieu Simonet an de Papp vum Schauspiller Maxence Perrin.

Filmographie änneren

als Schauspiller änneren

Kino änneren

vun 1957 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

TV änneren

als Produzent änneren

Kino änneren

TV änneren

als Regisseur änneren

  • 1988: Médecins des hommes (1988) (TV-Serie) (Episod: Mer de Chine)
  • 2001: Le peuple migrateur Regie zesumme mam Jacques Cluzaud a Michel Debats
  • 2002: L'empire du milieu du sud - Regie zesumme mam Eric Deroo
  • 2009: Océans - Regie zesumme mam Jacques Cluzaud
  • 2011: Kingdom of the Oceans - (TV-Serie) - (Episod: From the Land to the Sea) - Regie zesumme mam Jacques Cluzaud

Um Spaweck änneren