Frank-Walter Steinmeier

däitsche Politiker (SPD)

De Frank-Walter Steinmeier, gebuer de 5. Januar 1956 zu Detmold, ass en däitsche Politiker vun der SPD. Hien ass zanter dem 19. Mäerz 2017 den 12. Bundespresident vun Däitschland. Bei der Wal vum 13. Februar 2022 gouf hie fir en zweet Mandat erëmgewielt.

Frank-Walter Steinmeier
Gebuer 5. Januar 1956
Detmold
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Justus-Liebig-Universität Gießen
Aktivitéit Politiker
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

Virdru war hie vun 2005 bis 2009 (Regierung Merkel I) a vun 2013 bis 2017 (Regierung Merkel III) däitschen Ausseminister. Vun 1999 bis 2005 war hie Chef vum Bundeskanzleramt ënner dem Gerhard Schröder. Nieft senger Aarbecht als Ausseminister war hie vun 2007 bis 2009 och Vizekanzler vun der Bundesrepublik Däitschland. No der Néierlag als Kanzlerkandidat vun der SPD bei der Bundestagswahl 2009 war hie vun 2009 bis 2013 President vun der SPD-Fraktioun am Bundestag. Den 12. Februar 2017 gouf hien am éischten Tour zum Bundespresident gewielt.

Liewen a Studium änneren

De Steinmeier gouf 1956 als Jong vum Walter Steinmeier (1923-2012),[1] engem Schräiner, an der Ursula Broy, enger vu Breslau staamender, aus der Heemecht verdriwwener Fabricksaarbechterin, gebuer. Hien ass zu Brakelsiek (Krees Lippe, Nordrhein-Westfalen) opgewuess, dat haut zur Stad Schieder-Schwalenberg gehéiert. D'Famill Steinmeier huet zanter Generatiounen als Baueren an där Géigend geschafft, mä nach säi Grousspapp huet missen aus wirtschaftlecher Nout eraus bis an d'1930er Joren d'Famill all Joer als Saisonsaarbechter verloossen.

No sengem Abitur am Joer 1974 am Lycée zu Blomberg huet hie seng Militärzäit bei der Loftwaff zu Goslar gemaach (leschten Déngschtgrad  war "Obergefreiter") an huet 1976 e Studium am Droit a vun 1980 vun der Politikwëssenschaft op der Justus-Liebig-Universitéit zu Gießen ugefaangen.

De Steinmeier huet 1982 den éischten an 1986 den zweete juristesche Staatsexame bestanen. Duerno huet hien als wëssenschaftleche Mataarbechter um Léierstull fir Ëffentlecht Recht a Politikwëssenschaft op der Universitéit vu Gießen geschafft. 1991 huet hien do zum Dr. jur. promovéiert.

Am Joer 1991 huet hien als Referent fir Medierecht a Mediepolitik an der Staatskanzlei vun Niddersachsen ugefaangen. 1993 gouf e beim Gerhard Schröder mat der Leedung vun deem sengem Büro chargéiert. 1994 gouf hien Direkter vum Departement fir Richtlinne vun der Politik an d'Koordinéieren a Plange vun de Ressorten.

 
De Steinmeier mat senger Fra Elke Büdenbender op der Berlinale 2011

Perséinleches änneren

De Steinmeier ass zanter 1995 mat der Verwaltungsriichterin Elke Büdenbender bestuet, déi hien zanter dem gemeinsame Studium kennt. Si hunn eng Duechter (gebuer 1996). Hie gehéiert zu der evangeelesch-reforméierter Kierch[2] a wunnt zu Berlin-Zehlendorf.[3][4] Den 23. August 2010 hat hien ugekënnegt, sech wéinst enger Krankheet vu senger Fra fir e puer Wochen aus der Politik zeréckzezéien.[5] Den Dag drop gouf him eng Nier erausgeholl a senger Fra transplantéiert.[6]

Den 29. Oktober 2015 krut hien den Éierendoktertitel vun der Universitéit vu Piräus[7] an den 19. Dezember 2016 déi vun der Universitéit Paderborn[8].

Politik änneren

Ëffentlech Ämter änneren

Vun 1993 bis 1994 war de Steinmeier Leeder vum perséinleche Büro vum niddersächsesche Ministerpresident, duerno Ressortkoordinator. 1996 gouf hien zum Staatssekretär an der niddersächsescher Staatskanzlei ernannt. Am Uschloss un d'Wal vum Gerhard Schröder zum Bundeskanzler am Joer 1998 koum hie mat op Bonn. Am November 1998 gouf hie Staatssekretär am Bundeskanzleramt a Beoptraagte fir d'Noriichtendéngschter.

Nom Récktrëtt vum Kanzleramtsminister Bodo Hombach gouf de Steinmeier de 7. Juli 1999 Chef vum Bundeskanzleramt. De Steinmeier war och en enke politesche Vertraute vum Schröder. Hien huet meeschtens als Manager am Hannergrond geschafft.[9] Hien huet och Strategiepabeiere vun der SPD geschriwwen, wéi z. B. :

  • Reform am Renten- a Gesondheetssystem am Dezember 2002
  • Agenda 2010 (Mataarbecht bei der Konzeptioun)

Hien huet zum Steierungskrees fir d'Ëmsetzung vun den Hartz-Reforme gehéiert a war 2003 un der Virzéiung vun der Steierreform bedeelegt.

 
2006 mat der Condoleezza Rice.
 
De Frank-Walter Steinmeier op der Bänk vun der Bundesregierung am Däitsche Bundestag lénks nieft dem Sigmar Gabriel an der Angela Merkel, 2014.

A senger Funktioun als Chef vum Kanzleramt hat hien d'Présidence vum sougenannte "Steinmeier-Krees". Hei goufen ënner senger maassgeeblecher Matwierkung politesch Situatiounsanalysen, politesch Reaktiounsmuster a Strategieentwërf fir d'Regierung Schröder ausgeschafft. De Steinmeier gëllt als duerchsetzungsfähege Pragmatiker. Schonn an de sechs Joren als Chef vum Kanzleramt an als Koordinator vum Geheimdéngscht huet hien aussepolitesch Erfarunge gesammelt, well hien hei erweiderten Zougang zu Informatiounen iwwer d'politesch Situatioun op der Welt hat. No den Terroruschléi vum 11.September 2001 war hien am Krisestab mat agebonnen. De Steinmeier huet jorelaang déi sougenannt Staatssekretärsronn geleet, an där d'Theeme vum Bundeskabinett besprach goufen. An der Staatssekretärsronn fir Europafroen huet hien als Chef vum Kanzleramt dacks den entscheedenden Ausschlag an der Ofstëmmung tëscht konkurréierende Ressorte ginn.

Den 22. November 2005 koum de Steinmeier als Ausseminister an déi vun der Angela Merkel geféiert Regierung. Fir d'Ëffentlechkeet koum dem Steinmeier seng Ernennung iwwerraschend, well hien haaptsächlech als Vertraute vum Schröder bekannt war. Seng Ernennung zum Ausseminister huet awer a Fachkreesser haaptsächlech positiv Reaktiounen ausgeléist, sou och vum Hans-Dietrich Genscher. De Steinmeier war am éischten Semester 2007 President vum Conseil vun der Europäescher Unioun.

Nom Récktrëtt vum Franz Müntefering  huet hien den 21. November 2007 d'Funktioun vum Vizekanzler iwwerholl. Nodeems et no der Bundestagswal 2009 zu enger CDU/CSU-FDP-Koalitioun koum, gouf de Steinmeier de 27. Oktober 2009 aus sengem Amt als Bundesminister entlooss.

No der Bestätegung vum Koalitionsvertrag tëscht der SPD an der CDU/CSU no der Bundestagswal 2013 duerch d'SPD-Basis de 14. Dezember 2013 gouf bekannt, datt de Steinmeier an der drëtter Regierung Merkel an den Ausseministère zeréckkomme sollt. De 27. Januar 2017 ass hie vun sengem Amt als Ausseminister zeréckgetrueden. Säin Nofollger gouf de Sigmar Gabriel.

Hien ass Member am Comité vun der Däitscher Gesellschaft fir d'Vereent Natiounen.[10]

Hien huet de Patronnage iwwer Jugend gegen AIDS, ee Projet, dee vu Jonken initiéiert a gefouert gëtt, an deen Opklärungs- a Preventiounsaarbecht op Aenhéicht bedreift.[11]

Um Spaweck änneren

Commons: Frank-Walter Steinmeier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. SPD: Steinmeier trauert um seinen Vater.
  2. Frank-Walter Steinmeier: Luther hatte eine klare Botschaft: Mischt euch ein! in: Chrismon spezial vom 31.
  3. Die neue SPD-Spitze bläst zum Marsch aufs Kanzleramt.
  4. Festvortrag von Bundesaußenminister Frank?
  5. SPD-Spitze: Steinmeier nimmt Auszeit – Frau schwer erkrankt.
  6. Transplantation: Steinmeiers Nierenspende ist geglückt.
  7. Steinmeier Ehrendoktor der Universität Piräus
  8. „Brückenbauer zwischen Nationen“ – Verleihung der Ehrendoktorwürde an Bundesaußenminister Dr. Frank-Walter Steinmeier
  9. Karl-Rudolf Korte: Die Rolle von Machtmaklern im Entscheidungsprozess von Spitzenakteuren.
  10. DGVN Präsidium Gearchiveerd op 2018-11-12. Gekuckt de(n) 2017-02-12.
  11. Frank-Walter Steinmeier unterstützt Aufklärungsprojekt Jugend gegen AIDS Jugend gegen AIDS startet Kunstaktion in Berlin.