Ricardo Bofill
De Ricardo Bofill Leví, gebuer de 5. Dezember 1939 zu Barcelona, an och do de 14. Januar 2022 gestuerwen, war e spueneschen Architekt am postmoderne Stil.
Ricardo Bofill | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ricardo Bofill Leví |
Gebuer |
5. Dezember 1939 Barcelona |
Gestuerwen |
14. Januar 2022 Barcelona |
Doudesursaach | COVID-19 |
Nationalitéit | Spuenien |
Educatioun | Universitéit vu Genf |
Aktivitéit | Architekt, Urbanist, Filmregisseur, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Serena Vergano |
Liewenspartner(in) | Serena Vergano |
No sengem Architekturstudium zu Barcelona an zu Genf huet hien 1963 a senger Heemechtsstad säi Cabinet, den Taller de Arquitectura, gegrënnt. 1971 huet hien zu Paräis eng Filial opgemaach, wou en an den 1980er Jore verschidde Citéën entwéckelt huet.
2000 goung en hannescht op Barcelona, wou säin "Architekturatelier" an engem alen Zementwierk ënnerburecht ass.
Zu senge bekanntsten Entwërf zielen d'Citéen Espaces d'Abraxas zu Noisy-le-Grand a Les Arcades au Lac zu Saint-Quentin-en-Yvelines, de Quartier Antigone zu Montpellier oder awer de W Hotel zu Barcelona a Form vun engem Seegel. Zu Lëtzebuerg huet hien den Entworf vun der Place de l'Europe um Kierchbierg gemaach, mat ë. a. den zwéin Tierm vun der Porte de l'Europe.
Buch
änneren- Ricardo Bofill: La Arquitectura de un hombre. Madrid 1984
Literatur
änneren- 2019: Ricardo Bofill. Visions of Architecture. gestalten, Berlin 2019, ISBN 978-3-89955-940-8.
Um Spaweck
ännerenCommons: Ricardo Bofill – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Ricardo Bofill
- Ricardo Bofill: “Why Are Historical Towns More Beautiful Than Modern Cities?” Interview op ArchDaily.com, 13. September 2016.