Claudine Junck

lëtzebuergesch Biologin


D'Claudine Junck, gebuer den 29. Juli 1965 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 22. Februar 2022 [1], war eng lëtzebuergesch Diplombiologin.

Claudine Junck
Gebuer 29. Juli 1965
Lëtzebuerg
Gestuerwen 22. Februar 2022
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée,
Justus-Liebig-Universität Gießen
Aktivitéit Biolog
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

No der Primärschoul zu Koplescht an dem Premièresexamen am Joer 1984 am Jongelycée um Lampertsbierg, huet d'Claudine Junck fir d'éischt Literatur um Centre universitaire (1984/85) studéiert, duerno awer Biologie op der Justus-Liebig-Universität vu Gießen (Diplom 1990).

Vun 1990 bis 2001 huet d'Claudine Junck als selbstänneg Biologin en eegene Bureau d'études, den “Naturschutzbüro Lanius”, dirigéiert. Parallel dozou war si vun 1998 bis 2004 als Biologin bei der Station biologique de l'Ouest asbl beschäftegt. Vum 1. Januar 2005 u war si Chef de service vun der Station biologique SICONA vum Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest (SICONA-Sud-Ouest).

D'Claudine Junck war wëssenschaftlech Collaboratrice vum naturhistoresche Musée. Si war Member vun der Gesellschaft für angewandte Carabidologie. Si war och Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL), an där hirem Bulletin si eng Rei vu wëssenschaftlechen Artikele publizéiert huet.

Publikatiounen änneren

  • Junck, C., 1992. Kleinsäugerkartierung im Südwesten Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 93, S. 163-168.
  • Junck, C., F. Schoos & R. Schoos, 1993. Faunistische Untersuchungen im geplanten Naturschutzgebiet “Mierscherdall”. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 94, S. 33-85.
  • Junck, C., 1993. Erstnachweis der Sumpfspitzmaus, Neomys anomalus Cabrera, 1907, in Luxemburg (Mammalia, Insectivora). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 94, S. 111-116.
  • Junck, C., R. Schoos & M. Grof, 1994. Flora und Fauna des Halbtrockenrasens “Geyersknapps” bei Bech. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 9-48.
  • Junck, C., F. Schoos & R. Schoos, 1994. Flora und Fauna der Steingrube “Schoofsboesch” bei Bettendorf. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 95, S. 49-102.
  • Junck, C. & F. Schoos, 2000. Neuausbreitung des Laubfrosches (Hyla arborea) in der Folge von Biotopverbesserungsmassnahmen im Zentrum Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 100, S. 97-101.
  • Schopp-Guth, A., C. Junck, F. Sowa, S. Naumann & F. Schoos, 2006. Erfassung der seltenen Ackerwildkrautarten im Gebiet der Dogger-Hochflächen im Südwesten Luxemburgs. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 107, S. 105-110.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort 2022-02-26, Nr. 48, S. 75 (Avis mortuaires).