9. Oktober
Datum
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | |
7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 |
14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 |
21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 |
28 | 29 | 30 | 31 |
Den 9. Oktober ass den 282. Dag vum Joer (283. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Inhaltsverzeechnes
EvenementerÄnneren
- 1799: Den Napoleon kënnt zu Saint-Raphaël un.
- 1804: Den Napoléon besicht d'Festung Lëtzebuerg.
- 1934: De Kinnek Alexander I. vu Jugoslawien gëtt bei engem Staatsbesuch a Frankräich ermuert.
- 1962: Uganda gëtt onofhängeg.
- 1963: An de belluneseschen Alpen (Italien) falen 260 Mio. Kubikmeter Buedem an de Séi vum Vajont Barrage. D'Uertschaft Longarone mat hire knappss 2000 Awunner gouf vun der riseger Waasserwell, déi iwwer de Bord vun der Staumauer ewechgaangen ass, komplett ausradéiert.
- 1973: Generalstreik zu Lëtzebuerg.
SportÄnneren
- 1949: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lille 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Vic Feller geschoss.[1]
- 1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lugano 0:4 géint Schwäiz.[2]
- 1982: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1984, 0:2 géint Griicheland.[3]
- 2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Russland.[4]
- 2014: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Skopje am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:3 géint Mazedonien, d'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Stefano Bensi an den David Turpel geschoss.[5]
- 2015: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien.[6]
- 2016: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Borisov 1:1 géint Wäissrussland, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[7]
GebuerÄnneren
- 1547: Miguel de Cervantes, spuenesche Schrëftsteller (Don Quijote)
- 1727: Étienne-Charles de Loménie de Brienne, franséische Politiker a Geeschtlechen.
- 1757: Charles X., Kinnek vu Frankräich.
- 1835: Camille Saint-Saëns, franséische Komponist.
- 1846: Julius Maggi, Schwäizer Erfinder vum Zoppe-Cube.
- 1859: Alfred Dreyfus, franséischen Offizier.
- 1872: Karl Schwarzschild, däitschen Astronom a Physiker.
- 1880: René Engelmann, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1883: Paul Palgen, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1904: Jean-Pierre Thilmany, lëtzebuergesche Moler.
- 1906: Léopold Sédar Senghor, senegalesesche Politiker a Schrëftsteller.
- 1908: Jacques Tati, franséische Filmregisseur a -schauspiller.
- 1921: Michel Boisrond, franséische Filmregisseur.
- 1933: Peter Mansfield, brittesche Physiker.
- 1934: Abdullah Ibrahim, südafrikanesche Museker.
- 1937: Gaston Vogel, lëtzebuergeschen Affekot an Auteur.
- 1938: Heinz Fischer, éisträichesche Politiker a Bundespresident.
- 1939: Alphonse Lutgen, lëtzebuergesche Fotograf.
- 1940: John Lennon, brittesche Popsänger.
- 1947: France Gall, franséisch Sängerin.
- 1949: Ottavia Piccolo, italieenesch Schauspillerin.
- 1952: Pierre Jolivet, franséische Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 1962: Durs Grünbein, däitsche Lyriker, Essayist an Iwwersetzer.
- 1964: Guillermo del Toro, mexikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1966: David Cameron, brittesche Politiker.
- 1969: Steve McQueen, brittesche Kënschtler a Filmregisseur.
GestuerwenÄnneren
- 1326: Rainald I. vu Geldern, Herzog vu Limburg.
- 1841: Karl Friedrich Schinkel, preiseschen Architekt.
- 1888: Paul Godchaux, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 1907: Ferdinand Rodary, franséischen Eisebunnsingenieur an Erfinder.
- 1934: Alexander I., Kinnek vu Jugoslawien.
- 1935: Pierre Nommesch, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 1958: Pius XII. (Poopst).
- 1965: François Simon, lëtzebuergesche Politiker.
- 1967: Che Guevara, kubanesche Revolutionär.
- 1977: Peter Mosbacher, däitsche Schauspiller an Theaterregisseur.
- 1978: Jacques Brel, belsche Chansonnier a Schauspiller.
- 1983: Jean-Pierre Calteux, lëtzebuergesche Moler a Graphiker.
- 1986: Harald Reinl, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1989: Fernand Ciatti, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 1994: Rolf Thiele, däitsche Regisseur.
- 2013: Daniel Duval, franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2016: Andrzej Wajda, polnesche Filmregisseur.
- 2017: Jean Rochefort, franséische Schauspiller.
FeierdeegÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: 9. Oktober – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 9. Oktober 1949 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg den 9. Oktober 1955 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Griicheland den 9. Oktober 1982 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland den 9. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ De Lännermatch Mazedonien-Lëtzebuerg vum 9. Oktober 2014 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch Spuenien-Lëtzebuerg vum 9. Oktober 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ Lännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg op www.eu-football.info