Eech (Stad Lëtzebuerg)
Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Quartier Eech. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Eech. |
Eech ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Norde vun der Haaptstad.
Eech | |
---|---|
De Centre culturel zu Eech | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Eich de: Eich |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 2.913 |
31.12.2022 | |
Fläch | 63,18 ha |
Héicht | 289,10 m |
Koordinaten |
49° 37’ 47.3’’ N 06° 07’ 55.5’’ O |
Eech (rout) an der Stad Lëtzebuerg | |
Geographie änneren
De Quartier grenzt am Norden u Beggen an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartieren Dummeldeng, Weimeschkierch, Pafendall, Lampertsbierg a Millebaach.
Eech huet eng Fläch vun 63,18 ha. De Quartier läit op der Uelzecht, op enger Héicht tëscht 236,40 an 289,10 m.
Geschicht änneren
Bis 1920 war Eech eng eegestänneg Gemeng.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Eech.
Awunner änneren
Enn 2015 hunn zu Eech 2.722 Leit gewunnt. Dovu ware 26,56 Lëtzebuerger an 73,44 Auslänner. Op den 31.12.2022 waren et 2.913 Leit. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 27,76 géintiwwer 72,24 Auslänner[1].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 2 913 | 100,00 | |
1 | Lëtzebuerg | 809 | 27,77 |
2 | Portugal | 410 | 14,07 |
3 | Frankräich | 362 | 12,43 |
4 | Italien | 176 | 6,04 |
5 | Spuenien | 95 | 3,26 |
6 | Belsch | 93 | 3,19 |
7 | Indien | 76 | 2,61 |
8 | Däitschland | 65 | 2,23 |
9 | Griicheland | 60 | 2,06 |
10 | Rumänien | 52 | 1,79 |
Top 10 | 2 198 | 75,45 | |
Aner Nationalitéiten | 715 | 24,55 |
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Eech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.