Gare Ettelbréck

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Gare vun Ettelbréck ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Schieren an der Gare Méchela, respektiv der Gare Dikrech, vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Ettelbréck
Streck 1, 1a, 2b
PK 47,184 (Linn 1)
0,00 (Linn 1a)
52,153 (Linn 2b)
Quaien 3
Gleiser 3 (+7 Ofstellgl.)
Uertschaft Ettelbréck
Gemeng Ettelbréck
Kanton Dikrech
Koordinaten 49° 50’ 50’’ N
      6° 06’ 24’’ O
Websäit CFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

Bis den 23. September 1967, wéi d'Atertlinn zougemaach gouf, war d'Gare vun Ettelbréck Terminus vun där Streck, a blouf dat dunn och fir de Rescht vun der Streck op där, ënner der haiteger Bezeechnung Linn 2b, Gidderzich op Colmer-Bierg an op Biissen (Neelfabréck) fueren.

Am November 2020 waren d'Bauaarbechte fir en 3. Quai fäerdeg[1]. Fir dat ze maache goufen e puer Gleiser ewechgerappt an anerer frësch verluecht.

D'Gare Ettelbréck huet 3 gratis Park & Rail-Parkinge mat 217 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vun 2024 un, (Stand: Nov. 2020) soll en neie Park-and-Ride-Parking zousätzlech Plaze bidden.[1]

Op de Quai 2 (Gleiser 1 an 3) féiert nëmmen eng Ënnerféierung mat Trapen, op déi Manéier ass d'Gare net fir Leit mat Rullstill ageriicht.

Eng nei Gare fir Ettelbréck änneren

Dat éischt Garë-Gebai war vun 1862.

Den 9. Dezember 2014 huet d'Chamber mat 57 Jo- an 3 Nee-Stëmmen e Gesetz gestëmmt, dat et erlaabt, en neit Gare-Gebai, mat dobäi enger neier Busgare, nei Quaien, engem Park&Ride mat 430 Plazen, an enger neier Stroossenënnerféierung ze bauen. D'Aarbechte sollen 2015/2016 ufänken a 5 Joer daueren. De Käschtepunkt läit bei 156,5 Milliounen Euro.[2]

D'Geneemegung fir d'Ofrappe gouf den 20. Abrëll 2021 vum Ettelbrécker Buergermeeschter ausgestallt. En ettlech Leit, an d'Asbl Ettelbréck 21, hunn dergéint protestéiert, datt dat aalt Gebai verschwanne misst. D'Ofrappaarbechte hätte sollen am Oktober 2021 ufänken[3],[2], schlussendlech war dat Enn Mäerz 2022 de Fall.[4]

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Schieren   RB
CFL-Linn 10 
  Dikrech Dikrech
Lëtzebuerg Miersch   RE
CFL-Linn 10 
  Méchela Ëlwen
oder Gouvy
Lëtzebuerg Miersch   IC
CFL-Linn 10 
  Méchela Ëlwen / Liers

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Drëtte Quai zu Ettelbréck ka vun elo un ugefuer ginn." rtl.lu, 09.11.2020 11:21.
  2. 2,0 2,1 "Chamber decidéiert: Ettelbréck kritt eng ganz nei Gare." rtl.lu, leschten Update: 09.12.2014, 18:07:10.
  3. Marc Hoscheid, Demo gegen Demolierung, Luxemburger Wort,
  4. "Ettelbrécker Gare: Aalt Gebai vun der Gare gëtt zanter e Méindeg ofgerappt." rtl.lu, 28.03.2022.
Garen op der Linn 1 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80