Nationalstrooss 5
D'Nationalstrooss 5 oder N5, och „Escher Strooss“ genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg a Esch-Uelzecht. Si féiert vu Lëtzebuerg op Rodange a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D618 huet.
Um Wupp vun der N5 zu Rodange | |
Laf vun der N5 | |
Lëtzebuerg - Rodange | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°36'38,16"N, 6°7'33,89"O |
Enn | Rodange |
Koordinaten | 49°32'26,30"N, 5°48'50,54"O |
Duerch | Lëtzebuerg, Bartreng, Dippech, Käerjeng, Péiteng |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 5 |
Laf an Uschlëss | |
Lëtzebuerg | N 7 Bd Royal |
CR 204 Bd Prince Henri | |
CR 211 Bd Joseph II | |
N 51 Bd G.-D. Charlotte | |
Belair | N 5A Avenue Guillaume |
Märel | CR 230 rue de Strassen |
CR 230 rue de Merl | |
Helfenter Bréck | N 34 |
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Péiteng | |
A 6 | |
CR 181 | |
Péitruss | |
Gréiwelsser Barrière | N 35 CR 163 |
Dippech | CR 103 |
N 13 | |
Schuller | CR 103 |
CR 103 | |
Mess | |
CR 106 | |
CR 106A | |
Nidderkäerjeng | CR 110 |
CR 110 | |
Rond-point Biff | Kuer |
N 31 | |
A 13 | |
Péiteng | N 5B |
CR 175 | |
N 5C | |
N 5D | |
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Péiteng | |
Rodange | CR 177 |
N 5E CR 176 | |
N 5F | |
Longlaville | D618 |
Se huet hiren Ufank an der Stad op der Kräizung vum Boulevard Royal (N7) mat der Avenue Monterey. Vun do féiert se iwwert d'Avenue Monterey an d'Avenue du Dix-Septembre bis op Kräizung mat der N5A (Avenue Guillaume). Vun do geet et weider iwwert d'Avenue du Dix-Septembre an iwwert d'Route de Longwy duerch Märel bis op d'Helfenter Bréck, wou se ënner der A6 erduerch geet.
Vun do un ass d'N5 en Deel vun der E44. Et geet weider iwwert d'Route de Longwy bis op e Rond-point, wou se op d'N35 an den CR163 trëfft, an da viru laanscht d'Gréiwelsser Barrière an de Findelshaff duerch Dippech. Hanner Dippech kräizt se op engem Rond-point d'N13 a geet weider duerch Schuller a laanscht d'Industriezon Robert Steichen (fréier: Bommelscheuer) an dann iwwert d'Avenue de Luxembourg duerch Nidderkäerjeng.
Am Ausgank vun Nidderkäerjeng kräizt se am Rond-point d'N31 respektiv d'A13. Vun hei un ass d'N5 net méi Deel vun der E44. Et geet weider iwwert d'Route de Luxembourg a Route de Longwy duerch Péiteng.
Um Enn geet d'N5 iwwert d'Route de Luxembourg a Route de Longwy duerch Rolleng a Rodange bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D618 iwwergeet, déi op Longlaville féiert.
D'N5 ass ronn 24,6 km laang.
Entwécklung vun der N5
änneren- D'Strooss Lëtzebuerg - Rodange - franséisch Grenz besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Lonkecher Strooss“ bezeechent an huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Lonkech gelaf ass;
- 1845 ass d'Streck vun der Strooss festgeluecht ginn, fir se vu Péiteng op d'franséisch Grenz ze bauen[1];
- Am Laf vun de Jore gouf et Upassungen um Tracé op der Héicht vum Gréiwelsser Haff a beim Bouferterhaff. Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau sinn deemno 1958 Deeler vun der fréierer Strooss deklasséiert ginn[2].
- Mëtt vun den 1970er Jore gouf en Deel vun der N5 tëscht der Helfenter Bréck an Dippech am Kader vum Gesetz iwwer déi grouss Stroosseprojeten ugepasst[3].
- Den Tracé op der Héicht vu Schuller gouf ugepasst[Wéini ?].
- 1995 ass d'Streck iwwer d'Rollenger Bréck geluecht ginn; de fréieren Tracé (rue des Prés - route de Luxembourg) gouf an eng Gemengestrooss deklasséiert[4].
- Mam geplangte Contournement vun Nidderkäerjeng kënnt eng weider gréisser Upassung op d'N5 duer[5].
Biller
änneren-
An der Montereys-Avenue
-
op der Gréiwelsser Barrière
-
Zu Nidderkäerjeng, op der Héicht vun der Bofferdings-Brauerei
Um Spaweck
ännerenCommons: Route nationale 5 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Arrêté royal grand-ducal du 8 juillet 1843, N° 1397, fixant la direction à donner à la route à construire de Pétange à la frontière de France; vers Long-la-ville. legilux.public.lu (08.07.1845). Gekuckt de(n) 08.04.2023.
- ↑ Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 10.01.2021.
- ↑ Règlement grand-ducal du 2 juin 1972 assimilant un tronçon de la route N° 5 de Luxembourg à Longwy à la voirie prévue par la loi du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 10.01.2021.
- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 10.01.2021.
- ↑ Loi du 21 août 2018 relative à l'aménagement du contournement routier de Bascharage et portant modification de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 10.01.2021.