Lausduer
De Lausduer [lokal: om Lausduarre(n)[3]] ass e Lieu-dit op der Nordstrooss, tëscht Hengescht a Wäiswampech.
Lausduer om Lausduarre(n) | |
---|---|
![]() Um Lausduer, a Richtung Norden | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lausdorn de: Lausdorn |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng |
![]() ![]() |
Buergermeeschter |
Georges Keipes Claude Daman |
Awunner |
18 (Klierf)[1], 4 (Wäiswampech)[2] |
1 Januar 2021; 1 Januar 2022 | |
Héicht | 503 m |
Koordinaten |
50° 07’ 07.00’’ N 06° 04’ 59.45’’ O |
Postcode | 9968 |

Den nërdlechen Deel läit an der Gemeng Wäiswampech, iwwerdeems de südlechen Deel zanter Enn 2011 zur Gemeng Klierf gehéiert. Virdrun huet en zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.
Geographie änneren
De Lausduer läit westlech vun der N7, op enger Héicht vu ronn 503 Meter a besteet aus ronn enger hallwer Dosen Haiser, déi op dem alen Deel vun der Nordstrooss leien, déi an den 1970er Joren nei nivelléiert a riichtgezu gouf.
Dat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech huet d'Adress 3 Lausduarre; d'Haiser aus der Gemeng Klierf si just nummeréiert (1, 2, 4 a 6). Den eenheetleche Postcode ass den 9968.
Trivia änneren
Den Numm Lausduer krut am Abrëll 2018 e bësse méi Bekanntheet nodeems et bei enger Poursuite zu engem Autosaccident koum an dobäi ee Polizist leie bliwwen ass a véier anerer blesséiert goufen[4].
Biller änneren
-
De Café-Restaurant an der Gemeng Klierf…
-
an daat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Lausduer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Statistiques sur la population. www.clervaux.lu (01.07.2021). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
- ↑ Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.2020). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Polizist stirbt bei Verfolgungsjagd: Fluchtfahrer wegen fahrlässiger Tötung angeklagt. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2018-04-14). Gekuckt de(n) 2021-07-04.