Nationalstrooss 7B

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 7B oder N7B ass eng kuerz Nationalstrooss an der Gemeng an am Kanton Dikrech. Op der ganzer Längt heescht se Rue du Herrenberg.

Nationalstrooss 7B
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Dikrech,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°52'25,54"N, 6°9'23,94"O
Enn Dikrech,
Härebierg
Koordinaten 49°52'25,43"N, 6°10'17,36"O
Opgaangen 5. Mee 1958
Längt 2,1 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 7B
Laf an Uschlëss
Dikrech N 7
Härebierg

Si huet hiren Ufank op der N7 zu Dikrech am ënneschten Deel vum Bamerdall a féiert bei d'Kasär um Härebierg.

Si huet eng Längt vu ronn 2,1 km[1].

Entwécklung vun der N7B änneren

  • Op Basis vun zwéin Arrêté-royal-grand-ducalle vun 1861[2] an 1864[3] gouf de Bau vun enger Strooss vun Dikrech op de Härebierg als utilité publique deklaréiert;
  • Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau am Joer 1958 krut déi deemoleg Gemengestrooss de Statut vun enger Nationalstrooss an huet zanterhier d'Nummer 7B[1];
  • Virun 1958 hat d'Strooss zu Ettelbréck, vun der Gare bis bei d'Avenue John F. Kennedy, d'Nummer N7B.

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalstrooss 7B – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-20.
  2. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 13 février 1861 déclarant d'utilité publique la construction de la partie de chemin de Diekirch au plateau du Herrenberg. legilux.public.lu (13.02.1861). Gekuckt de(n) 20.04.2023.
  3. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 11 novembre 1864 déclarant d'utilité publique la construction de la partie du chemin de Diekirch au plateau de la montagne de Herrenberg (11.11.1864). Gekuckt de(n) 20.04.2023.