Nationalstrooss 52
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg
D'Nationalstrooss 52 oder N52 ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.
D'Hoerspéngel-Kéier an der Rue des Glacis | |
Bd Royal - Eecher Bierg (Stad Lëtzebuerg) | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°36'49,61"N, 6°7'40,04"O |
Enn |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°37'11,06"N, 6°7'49,15"O |
Duerch | Lëtzebuerg |
Längt | 1,5 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 52 |
Laf an Uschlëss | |
Uewerstad | N 7 Bd Royal |
CR 204 Bd Prince Henri | |
Lampertsbierg | N 51 Rond-point Schuman |
CR 215 Av. du Bois | |
N 7 Eecher Bierg |
Se huet hiren Ufank am Zentrum vun der Stad bei der N7 (Boulevard Royal), op der Kräizung mat der Avenue de la Porte-Neuve.
Se geet vun do a Richtung Lampertsbierg, iwwer de Rond-point Schuman an duerch d'Rue des Glacis laanscht de Lycée Robert-Schuman, dann e Stéck iwwer d'Allée Scheffer fir nees iwwer d'Rue des Glacis (den Alen Eecher Bierg) virun ze lafen, wou s'um Enn vun deem nees op d'N7 stéisst.
D'N52 ass 1,5 km laang.
Entwécklung vun der N52
ännerenMat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau ass 1995 déi dräieckeg Plaz nieft der N52 (tëscht der Rue des Glacis an dem Boulevard Paul Eyschen) an d'Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg gefall[1].
Biller
änneren-
Am Ufank vun der N52
-
Den Tram um Rond-point Schuman
-
Rue des Glacis
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 17.01.2021.