Rouderssen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Parc Housen am Kanton Klierf.

Rouderssen
D'Haaptstrooss zu Rouderssen (2014)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Rodershausen
de: Rodershausen
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Parc Housen
Buergermeeschter Romain Wester
Awunner 133
  01 Januar 2021
Fläch 381,9987 ha[1]
Koordinaten 50° 02’ 20’’ N
      06° 07’ 51’’ O

Bis Enn 2011 war si Deel vun der fréierer Gemeng Housen, déi du mat de Gemenge Konstem an Houschent zu der Gemeng Parc Housen fusionéiert huet.

D'Uertschaft läit op der Nationalstrooss 10, der sougenannter "Strooss vun den dräi Flëss" tëscht Uewereesbech, respektiv Kounenhaff, an Doosber Bréck.

Bis 1815, wéi d'Grenzen nei festgeluecht goufen, huet Rouderssen zu der Gemeng Doosber gehéiert.

Das stille Tal änneren

Den deemolege Schoulmeeschter Jos Bour huet vum 3. Februar 1930 un eng Schülerzäitschrëft, Das stille Tal, mam Ënnertitel Rodershausener Schülerzeitung, zesumme mat de Kanner aus dem Duerf publizéiert. Déi uechzéngt a lescht Nummer ass op den 1. September 1934 datéiert. All Heft hat 24 Säiten a gouf vum Bour selwer hektographéiert. An der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ass eng komplett Editioun erhalen.

Literatur änneren

  • Joseph Bour, Yvonne Majerus-Kalmus, Jos Müller a Mich Scharfenberger: Am stëllen Dall. 150 Joer Por Roudersen, erausginn 1993 vum Porrot vu Rouderssen.

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rouderssen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.