Nationalstrooss 16
D'Nationalstrooss 16 oder kuerz N16 ass eng Nationalstrooss zu Lëtzebuerg am Kanton Esch-Uelzecht an am Kanton Réimech.
N 16 | |
Laf vun der Strooss | |
Land: | Lëtzebuerg |
Direktioun: | Vun Uespelt op Réimech |
Laf an Uschlëss | |
Uespelt | N 13 CR 156 |
Gëll | Grondbaach |
Leemillen | A 13 |
Altwis | CR 155 |
Munneref | N 16A |
CR 152 CR 149 | |
Neifeld | A 13 |
Ellenger Gare | CR 162 |
Fulschet | CR 151 |
Réimech | CR 152A N 2 |
Se huet hiren Ufank zu Uespelt op der N13 an heescht do Rue de Mondorf. Vun do féiert se ënner der A13 erduerch iwwer Altwis op Munneref.
Se geet nach eng Kéier ënner der A13 erduerch an dann iwwer d'Ellenger Gare an de Scheierbierg op Réimech, wou se dann Uschloss un d'N2 huet.
Si ass 13,1 km laang.
Um Spaweck
ännerenCommons: Route nationale 16 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |