Barriär (Eisebunn)

Kräizung vun enger Eisebunnsstreck um selwechten Niveau mat enger Strooss oder engem Wee

Als Barriär bezeechent ee bei der Eisebunn déi technesch Installatiounen déi op där Plaz sinn, wou eng Eisebunnslinn en anere Verkéierswee[1] kräizt.

D'Barriär PN.17 op der CFL-Linn 1 tëscht Walfer an Helsem am Joer 2010. D'Barriär gouf am September 2020 definitiv zougemaach an duerch eng Ënnerféierung ersat.

Ëmgangssproochlech gëtt déi Kräizung selwer als Barriär bezeechent. Am Fachjargon schwätzt ee vun engem passage à niveau (fr), gekierzt PN. Zu Lëtzebuerg gouf et am Juni 2017 am Ganzen nach 129 Barriären[2], zwee Joer duerno der just nach 117[3]. Aus Sécherheetsgrënn sollen no an no ëmmer méi Barriäre mat Iwwer- oder Ënnerféierungen ersat ginn.

Allgemenges

änneren
  • Zu Lëtzebuerg gëtt et haut bal keng Iwwergäng méi, bei deene keng Barriären de Passage ofsécheren.

Signalisatioun

änneren

Op der Stroossesäit

änneren

D'Signalisatioun viru Barriären ass genee am Code de la route definéiert.

Wann et eng Barriär ass, déi mat Barriären am eigentleche Sënn ekipéiert ass, gëtt se mam Verkéiersschëld A, 25 ugekënnegt, op deem e stiliséierten Zonk gezeechent ass. Dat kann een och nach mam agedäitschten Term vun enger bewaachter Barriär (oder Gleisiwwergank) ëmschreiwen.

Wann et eng Barriär ass, déi nëmme Warnanlagen huet, da gëtt dat mam Schëld A, 26 symboliséiert op deem eng elektresch Automotrice ze gesinn ass. Bis 2012 gouf dat Schëld ënner der Nummer A, 27a gefouert an hat d'Symbol vun enger Damplokomotiv drop.

Fir dem Automobilist ze weise wéi wäit et nach bis bei d'Barriär ass, stinn a gläichbleiwendem Ofstand vun der Barriär dräi Schëlter mat dräi, zwéin, respektiv engem Stréch. Bei Weeër a Stroosse mat wéineg Trafic, ginn déi Schëlter fir gewéinlech ewechgelooss.

Wa bei enger onbewaachter Barriär keng rout Luuchten déi blénken, do sinn, a wann och kee „STOP“-Schëld do ass, da weist en Andreaskräiz drop hin, datt een direkt vun de Schinnen eroffuere muss wann en Zuch gefuer kënnt.

 
 

Bei der Barriär selwer stinn een oder e puer Pottoe mat zwou roude Luuchten. Wann en Zuch kënnt, blénken déi ofwiesselend a ginn eréischt aus wann den Zuch laanscht ass.

Op zweegleisege Strecke steet och nach e Schëld wat drop opmierksam mécht datt een Zuch en anere verstoppe kann.

Op der Eisebunnssäit

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Eisebunnsbarriären – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Stroossen, Weeër an heiansdo och d'Piste vun engem Fluchhafen.
  2. Sicherheit hat Vorrang Artikel am Journal vum 3. Juni 2017, gekuckt den 18. Februar 2018 op ilcad.org, der Websäit vum International Level Crossing Awareness Day
  3. Gefahrenstelle Bahnübergang op wort.lu de 6. Juni 2019