Angelduerf

Uertschaft an der Gemeng Ierpeldeng

Angelduerf ass eng Uertschaft an der Gemeng Ierpeldeng.

Angelduerf
Vue an d'Uertschaft
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Ingeldorf
de: Ingeldorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Ierpeldeng op der Sauer
Buergermeeschter Claude Gleis
Awunner 789
  1. Januar 2023
Héicht 192 m
Koordinaten 49° 51’ 11’’ N
      06° 08’ 06’’ O

Geographie

änneren

Angelduerf läit gréisstendeels um lénksen Uwänner vun der Sauer op enger Héicht vun 195 m (NG-L). Mam rietsen Uwänner ass et duerch eng Stroossebréck an eng Foussgängerbréck verbonnen. Direkt um nërdlechen Uertsrand verleeft Eisebunnsstreck Ettelbréck–Dikrech, dat lescht nach befueren an erhale Stéck vun der aler Streck Ettelbréck–Gréiwemaacher. Angelduerf huet awer keng eege Gare.

Geschicht

änneren
 
Stroossebréck iwwer d'Sauer zu Angelduerf

Angelduerf gëtt fir d'éischt Kéier am 13. Joerhonnert ënner dem Numm Engendorff ernimmt. 1823 koum eng Revisioun vun de Gemengen, wou dunn Angelduerf, zesumme mat Ierpeldeng, an d'Gemeng Ettelbréck agegliddert gouf. Am 19. Joerhonnert huet Angelduerf noeneen zu de Gemengen Dikrech an Ettelbréck gehéiert, éier et dunn zanter 1850 mat Ierpeldeng d'Gemeng Ierpeldeng forméiert. Am Joer 2024 hat Angelduerf eng Bevëlkerung vun 816.[1]

Kuckeswäertes

änneren
  • Kierch Angelduerf steet ganz am Südweste vun Angelduerf an der rue de la Sûre net wäit vun der Sauer.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Angelduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. "Registre national des personnes physiques RNPP : Population par localité". data.public.lu. 10.09.2024.