Nationalstrooss 8
D'Nationalstrooss 8 oder N8 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réiden, Capellen a Miersch. Si féiert vun der belscher Grenz an der Gäichel bis op Miersch.
![]() | |
![]() D'N8 op den éischte Meteren, an der Gäichel | |
![]() | |
Gäichel - Miersch | |
---|---|
Ufank | Gäichel |
Koordinaten | 49°41'40,16"N, 5°52'2,64"O |
Enn |
Miersch, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°45'2,48"N, 6°6'21,89"O |
duerch | Habscht, Sëll, Helperknapp, Miersch |
Längt | 19,8 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 8 |
Laf an Uschlëss | |
Gäichel | ![]() |
Gäichel | ![]() |
Kräizerbuch | ![]() |
![]() | |
![]() | |
![]() | |
Sëll | ![]() |
Bruch | ![]() |
![]() | |
![]() | |
Reckener Barrière | ![]() |
Recken | ![]() |
![]() | |
![]() | |
Miersch | ![]() |
Si fänkt op der belscher Grenz an der Gäichel un, wou se Uschloss un déi belsch N844 huet. Vun hei leeft se an nordëstlecher Richtung bis op d'Kräizerbuch wou se op hirer héchster Plaz um Zengel iwwer den Tunnel vun der Kräizerbuch geet. Vun do u geet et praktesch déi ganz Zäit weider duerch de Bësch a Richtung Sëll.
Zu Sëll kräizt se d'N12 (Lëtzebuerg-Wemperhaart), fir weider duerch Bruch a Recken op Miersch ze kommen, wou se Uschloss un d'N7 huet. Kuerz viru Miersch kräizt se d'Autobunn A7, un déi se och Uschloss huet.
D'Gesamtlängt vun der N8 ass zirka 19,8 km.
Entwécklung vun der N8Änneren
- 1958 gouf d'Strooss déi vu Miersch aus iwwer Bierschbech - Bënzert - Angelsbierg bis an d'Fiels gelaf ass a bis dohin d'N9 war, bei d'Streck vun der N8 derbäi geschloen;
- Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[1] ass déi knapps 10 km laang Streck Miersch - Fiels 1995 an e Chemin repris (CR118) deklasséiert ginn a gehéiert zanterhier nees net méi zur N8.
BillerÄnneren
D'N8 tëscht der Kräizerbuch a Sëll
Kilometersteen op der N8
Stroosseschëlter zu Miersch
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Route nationale 8 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-30.