Kilometersteen

nummeréiert Maarken um Bord vun engem Verkéierswee

E Kilometersteen ass eng aus enger Rei vun nummeréierte Maarken um Bord vun enger Strooss, enger Zuchstreck, engem Floss oder engem Kanal. Dës Markéierunge sinn am Ofstand vun engem Kilometer opgestallt. Heiansdo gëtt et och nach eng Markéierung op hallwer Distanz oder esouguer all honnert Meter. Am leschte Fall schwätzt ee vun engem Hektometersteen.

E Kilometersteen ouni Beschrëftung

Allgemenges änneren

Kilometersteng si stengen Distanzmarkéierungen. Se hunn iwwer Joerdausenden zur Grondausstafféierung vu sëllegen Zorte vu Stroosse gehéiert. Europawäit goufe se fir d'éischt, als Meilesteng, vun de Réimer opgeriicht, weltwäit eréischt méi spéit, vum britteschen Empire.

Zu Lëtzebuerg änneren

Stroosseverkéier änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt et Kilometersteng laanscht d'Chemin reprisen, d'National- an Europastroossen. Se hunn zwou verschidde Faarwen, nämlech e Fouss dee wäiss ass an e Kapp deen d'Erkennungsfaarf vun der Strooss huet: gréng fir Europastroossen, rout fir Nationalstroossen a giel fir Chemin reprisen. Op der viischter Säit (Stroossesäit) ass de Kilometerpunkt markéiert (Distanz par rapport zum Ufank vun der Strooss), op der hënneschter Säit steet näischt, an op den zwou anere Säiten ass d'Nummer vun der Strooss an eventuell d'Distanz bis an déi nächst Uertschaft uginn.

D'Kilometersteng ginn awer lues a lues mat Identifikatiounsschëlter ersat, deelweis gëtt et och plastiks Kilometersteng. D'Distanz vun engem Kilometer tëscht de Steng ass hautdesdaags net méi onbedéngt genee, well et z. B. duerch Upassunge vum Stroosseverlaf zu Ënnerscheeder komm ass oder well méi genee Moosse geholl goufen. Dowéinst stinn dacks d'Identifikatiounsschëlter mat der „richteger“ Distanz net direkt beim Kilometersteen.

Zuchverkéier änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Schëfffaart änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kilometersteen – Biller, Videoen oder Audiodateien