Nationalstrooss 17
D'Nationalstrooss 17 oder N17 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech an am Kanton Veianen. Si féiert vun Dikrech op Veianen a vun do weider an Däitschland.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/39/Luxembourg_N17.png/250px-Luxembourg_N17.png)
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/a7/Gilsdorf_borne_N17.jpg/250px-Gilsdorf_borne_N17.jpg)
Se huet hiren Ufank zu Dikrech op der Kräizung mat der N7. Se kräizt sech kuerz drop mat der N17A. Vun do féiert se iwwer Bleesbréck, Selz, Tandel a Furen duerch Veianen, wou se op d'N10 trëfft, mat där se zesummen e Stéck viru geet. Se béit dann no lénks of an d'Rue de la Frontière a kënnt dann op déi däitsch Grenz wou se an déi däitsch B50 iwwergeet.
D'N17 huet eng Gesamtlängt vun zirka 13 km.
Um Spaweck
ännerenCommons: Route nationale 17 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |