D'Nationalstrooss 14 oder N14 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Gréiwemaacher, Iechternach, Miersch an Dikrech. Si geet aus vun der N1 a féiert bis op Dikrech.

Laf vun der Strooss
Kilometersteen op der N14

Si huet hiren Ufank un der N1 am Weckergronn a geet duerch Wecker, Biwer, Buddelerbaach a Beidler bis se op d'N11 stéisst, mat där se e kuerzt Stéck zesumme viru geet.

Zu Grolënster geet se no lénks vun der N11 fort an dann duerch de Blummendall, duerch Reiland, Hiefenech, Fiels bis op Miedernach. Viru Miedernach deelt se sech an d'N14 an d'N14A. Hanner Miedernach stéisst d'N14A nees op d'N14. D'N14A besteet gréisstendeels aus engem alen Deel vun der N14, ier et de Contournement laanscht de Renkebierg gouf.

Se geet da weider laanscht Steeën bis op Dikrech, wou se kuerz no der Sauerbréck op der N7 erauskënnt.

D'N14 ass am Ganzen zirka 32 km laang.

De Contournement vun Miedernach op der Topokaart vun 1964.

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 14 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien