Wemperhaart

Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Wemperhaart[2] (lokal och Wämperhaart) ass eng Uertschaft[2] an der Gemeng Wäiswampech.

Wemperhaart
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Wemperhardt
de: Wemperhardt
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wäiswampech
Buergermeeschter Claude Daman
Awunner 23[1]
  31.12.2020
Héicht 530 m
Koordinaten 50° 09’ 21’’ N
      06° 03’ 06’’ O
Konsumtempelen „an der Haart“

Geographie änneren

D'Wemperhaart läit op der Nordstrooss (N7), nordwestlech vu Wäiswampech. D'Uertschaft zitt sech iwwer e gudde Kilometer vum Flouer „an der Haart“ bis op d'Grenz mat der Belsch, wou d'N12 déi vu Wilwerdang erop kënnt, op d'N7 stéisst. Als Verlängerung vun der N12 leeft déi belsch N62 op Sankt Väit iwwerdeems d'N7 op d'Schmëdd viru geet.

De gréissten Deel vun der Uertschaft läit op enger Héicht vu 509 m am Flouer „an der Haart[3]“ wou et eng Rei Akafszentren a Bensinnsstatioune gëtt. Dee méi klengen Deel vun der Uertschaft läit op 530 m ronderëm de Rond-point N7 / N12. Do stinn stinn e puer eenzel Haiser an och nach Butteker a Pompelstatiounen.

Ursprong vum Numm änneren

Den Numm Wämperhaart setzt sech zesummen aus Wämper, wéi d'Awunner vu Wäiswampech, Uewer- oder Nidderwampech genannt ginn an Haart (och nach Haard, Hardt, ...), engem Bësch oder enger Héicht déi mat Bësch bewuess ass[4].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wemperhaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.202). Gekuckt de(n) 04.07.2021.
  2. 2,0 2,1 Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 05.07.2021.
  3. Postadresse sinn „op der Haart“
  4. cf. Claude Faber, Um Spaweck