D'Nationalstrooss 15 oder N15 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, am Kanton Dikrech an am Kanton Wolz. Si féiert vun Ettelbréck bis op d'belsch Grenz bei Donkels.

Laf vun der Strooss
Kilometersteen op der N15

Se huet hiren Ufank am Rond-point bei der N7 am Agank vun Ettelbréck, geet dann iwwer d'Uelzecht a weider iwwer d'Rue de Bastogne duerch Nidderfeelen, wou se sech mat der N21 kräizt.

Se geet weider op Heischent an trëfft dann duerno op d'N12 mat där se zesumme viru geet duerch den Heischtergronn iwwer d'Sauer wou se dann op d'N27 trëfft, mat där se e kuerz Stéck zesumme viru geet, bis d'N27 duerch den Tunnel op Esch-Sauer ofbéit. Vun do geet se weider, nach ëmmer zesumme mat der N12, bis op Bidscht, wou se sech no lénks vun der N12 trennt.

Vun do geet se weider iwwer de Schumannseck, wou se sech mat der N26 kräizt, an dann duerch d'Pommerlach an Donkels bis op d'belsch Grenz, wou se Uschloss un déi belsch N84 huet.

D'N15 huet eng Gesamtlängt vun zirka 30 km.

Um Spaweck änneren

Commons: Route nationale 15 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien