Nationalstrooss 7C

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg

D'Nationalstrooss 7C oder d'N7C ass eng Nationalstrooss am Kanton Miersch um Territoire vun der Gemeng Colmer-Bierg.

Nationalstrooss 7C
Verbindung N7 - N22
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Rouscht,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°47'48,05"N, 6°5'56,47"O
Enn Colmer,
Nationalstrooss 22
Koordinaten 49°48'12,89"N, 6°5'27,67"O
duerch Colmer-Bierg
Längt 1.187 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 7C
Laf an Uschlëss
Rouscht / Brongeshaff N 7
Colmer N 22

Se féiert vun der N7 um Rouscht, nërdlech vum Brongeshaff (géintiwwer vun der Goodyear-Testpist) bis bei d'N22 zu Colmer.

D'N7C ass ronn 1,187 km laang.

Entwécklung vun der N7C änneren

  • Déi fréier Gemengestrooss huet 1995 am Kader vun der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[1] de Statut vun enger Nationalstrooss kritt. Am Gesetzestext steet d'Stroossennummer als „N7E“, sou datt se warscheinlech an der Zäit duerno ëmgenannt gouf.
  • Virun 1995 war d'Traversée vun Houschent op der Héicht vum Waassertuerm als N7C klasséiert[1].

Um Spaweck änneren

Commons: Nationalstrooss 7C – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-24.