Nationalstrooss 55
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg
D'Nationalstrooss 55 oder N55 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.
Rollengergronn - Eech | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Rollengergronn, Nationalstrooss 12 |
Koordinaten | 49°37'36,12"N, 6°6'14,54"O |
Enn |
Eech, Nationalstrooss 7 |
Koordinaten | 49°37'37,78"N, 6°7'47,32"O |
Längt | 2,1 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 55 |
Se geet am Rollengergronn op de Siwebueren vun der Kopleschter Strooss (N12) aus fort a leeft da laanscht d'Faiencerie duerch d'Millebaach an duerno weider op Eech wou se op der Eecher Plaz (Place Dargent) op d'N7 stéisst.
D'N55 ass 2,1 km laang.