Schnellstrooss B7 (Lëtzebuerg)

Schnellstrooss zu Lëtzebuerg

Déi lëtzebuergesch Schnellstrooss B7 ass deen zwee- an dräispueregen Deel vun der sougenannter Nordstrooss deen d'A7 mat der N27A verbënnt.

Schnellstrooss B7
D'Strooss südlech vum Rond-point Fridhaff a Richtung Süde gekuckt. Haut N27A, ursprénglech B7 (2007)
D'B7 am Kanton Dikrech
Nordstrooss
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Colmer Bréck,
Autobunn A7
Koordinaten 49°49'19,5"N, 6°5'56,1"O
Enn Ierpeldeng op der Sauer,
Nationalstrooss 27A
Koordinaten 49°52'23,5"N, 6°7'50,2"O
Längt 6,655 km
Vitesslimitatioun 70 km/h, 90 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Schnellstrooss B7 (Lëtzebuerg)

Si huet hiren Ufank op der A7 op der Héicht vun der Colmer Bréck a féiert vun do laanscht Schieren, Ettelbréck an Angelduerf bis op de Verdeeler 10 op der Héicht vun Ierpeldeng, wou s'Uschloss un d'N27A huet.

De gréisste Konschtbau op der Streck ass déi ronn 600 m laang Sauerdallbréck.

D'B7 ass etappeweis fir de Verkéier opgaangen:

  • 10.11.1989 : Ettelbréck [8] - Ierpeldeng [10]
  • 29.07.1993 : Schieren [7] - Ettelbréck [8]

Laf vun der Strooss änneren

Laf, Uschlëss, PK[1]
Uertschaft Symbol km[2] km[3]
Colmer Bréck   A 7 0,000 24,814
  7 N 7
Schieren   Wee Schieren-Pléiter
  CR 347
  Kiselbaach an Dummewee
 
  8 N 7 2,151 26,965
Ettelbréck   Ditgesbaach
Angelduerf   Sauer N 7 CR 359
  9 N 7 CR 359 4,276 29,090
Ierpeldeng   CR 351
  10 N 27A 6,655 31,469

Projet änneren

Et ass virgesi fir d'Strooss tëscht den Echangeure 7 (Schieren) an 8 (Ettelbréck) méi breet ze maachen an 2 x 2 Spueren z'amenagéieren. De Budget läit bei 57,5 Milliounen Euro. D'Finanzéierungsgesetz gouf de 6. August 2021 gestëmmt[4].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schnellstrooss B7 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notten änneren

  1. A7 - Autoroute du Nord "Nordstrooss". travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-05.
  2. Distanzen ouni d'A7
  3. PK als Verlängerung vun der A7
  4. Loi du 6 août 2021 relative à la mise à 2x2 voies de la B7 entre les échangeurs de Schieren et Ettelbruck. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-13.