Waark
D'Waark ass eng Baach, am Nordweste vu Lëtzebuerg, op der Grenz tëscht dem Éislek an dem Guttland. D'Waark entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baache am Ellegrëndchen, südëstlech vu Gréiwels, op enger Héicht vu ronn 450 Meter, a si fléisst zu Ettelbréck an d'Uelzecht.
![]() Mëndung vun der Waark an d'Uelzecht | |
An anere Sproochen |
fr: Wark de: Wark |
---|---|
Längt | 27,7 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Zesummefloss vun zwou Baachen |
Plaz | südëstlech vu Gréiwels |
Héicht | 450 m |
Koordinaten |
49° 50’ 55’’ N 5° 55’ 27’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz | Ettelbréck |
Héicht | 192 m |
Koordinaten |
49° 50’ 45.3’’ N 06° 06’ 24.2’’ O |
Haaptnieweflëss | Turelbaach, Mechelbaach, Feel |
Geographie | |
Land |
![]() |
Uertschaften |
Groussbus, Mäerzeg, Uewerfeelen, Nidderfeelen, Welschent, Waarken, Ettelbréck |
![]() | |
![]() | |
Op der topographescher Kaart vum Kadaster ass d'Baach mat Wark gezeechent.
Uertschaften op der Waark, vun uewen no ënnen:
D'Waark zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[1].
Den Dall vun der Waark eegent sech gutt fir Fousstouren. En ass opgesicht vu Fotografen a Moler. Eng Fëscherei an der Waark ass vu villen Amateure begiert. Fréier sinn och Kriibsen an der Waark gefaange ginn.
Niewebaache vun der Waark
ännerenNumm | Quell | Héicht m | Längt +/- m | Mëndung | Héicht m | Km-Punkt +/- | Säit |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Fielserbaach | Rëffelbësch (Gréiwels) | 463 | 2.000 | Neiwiss | 386 | 1,76 | Lénks |
Bruchbaach | Haardebruch (Mäerzeg) | 380 | 3.070 | Mäerzeg | 318 | 6,97 | Lénks |
Turelbaach | Hunnebruch (Hierheck) | 475 | 8.250 | Mäerzeg | 315 | 7,85 | Lénks |
Mechelbaach | Breimebierg (Mëtscheed) | 452 | 6.250 | Uewerfeelen | 290 | 11,00 | Lénks |
Feel | Feilach (Heischent) | 480 | 6.175 | Nidderfeelen | 285 | 12,56 | Lénks |
Féischterbaach | Déngels (Scheedel) | 475 | 1.880 | Buergknapp | 266 | 16,89 | Lénks |
Maisbich | Heischterdellt (Scheedel) | 450 | 1.610 | Faule Pull | 261 | 17,34 | Lénks |
Baach | Uesper (Kiemen) | 490 | 2.870 | Welschent | 255 | 19,63 | Lénks |
Biller
änneren-
Dall vun der Waark (Um Wee op Welschent), Aquarell vum René Spielmann
-
Am Dall vun der Waark
-
De Laf vun der Waark.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Waark – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie