Ierpeldeng (Ettelbréck)

Haaptuertschaft vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Ierpeldeng bei Ettelbréck. Fir aner Uertschaften, déi sou heeschen, kuckt wgl. Ierpeldeng.

Ierpeldeng ass eng Uertschaft am Kanton Dikrech an Haaptuert vun der Gemeng Ierpeldeng op der Sauer.

Ierpeldeng
Vue op Ierpeldeng
An anere Sproochen fr: Erpeldange-sur-Sûre
de: Erpeldingen-an-der-Sauer
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Gemeng Ierpeldeng op der Sauer
Buergermeeschter Claude Gleis
Awunner 1.095
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 51’ 46’’ N
      06° 06’ 46’’ O
Schlass Ierpeldeng

Geographie änneren

Ierpeldeng läit am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun ongeféier 200 m. Geologesch läit d'Uertschaft op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt.

Geschicht änneren

D'Géigend vun Ierpeldeng war schonn zu gallo-réimeschen Zäite bewunnt. Op Angelduerfer Terrain, net wäit weg vum Zesummefloss vu Sauer an Uelzecht, weise Spueren op e réimesche Castrum hin. Wéi vill Dierfer, deenen hiren Numm op "-ingen" endegt, gouf Ierpeldeng (Erpeld-ingen) tëscht dem 6. an dem 9. Joerhonnert gegrënnt, wéi d'Franke sech an eiser Géigend néiergelooss hunn.

Ierpeldeng daucht fir d'éischt a schrëftlecher Form an engem Akt vun 1247 op, wou d'Rittere Frédéric a Gérard vun Ierpeldeng genannt ginn.

Ierpeldenger Schlass änneren

D'Ierpeldenger Schlass gouf am 12. Joerhonnert als Waasserbuerg gebaut. Haut ass et de Sëtz vun der Ierpeldenger Gemengeverwaltung.   Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ierpeldenger Schlass.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren