Rollengerbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Rollengerbaach ass eng Lëtzebuerger Baach an der Gemeng Miersch.

Den Dall vun der Rollengerbaach ongeféier op der Hallschent vun hirem Laf

Si huet hir Quellen op enger Héicht vun 362 Meter westlech vu Schous op der Sektiounsgrenz vun den Uertschafte Schous a Rolleng. Vun do leeft se de ganzen Zäit an engem schmuelen Dall no Südwesten, bis se kuerz viru Rolleng ënner enger Bréck vun engem Felwee erduerch leeft. Vun do u verléiert hiren Dall seng natierlech Konfiguratioun, well se op der Héicht vun der Bréck, op enger kuerzer Streck abëttonéiert ass, an hire fräie Laf duerno um rietsen Uwänner vum Feldwee begrenzt gëtt. Vun der Entrée an d'Uertschaft un, leeft se tëscht de Gäert vun den éischten Haiser, an der Strooss, an duerno tëscht den Haiser weider, ënner der Nationalstrooss 7 an der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen erduerch fir no engem Laf vu ronn 3.800 Meter, op enger Héicht vun 216 Meter an d'Uelzecht ze lafen.