1980
Joer
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1976 |
1977 |
1978 |
1979 |
1980
| 1981
| 1982
| 1983
| 1984
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1980.
D'Joer 1980 huet op engem Dënschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- 30. Abrëll: D'Beatrix vun Oranien-Nassau gëtt Kinnigin vun Holland.
- 18. Mee: De Rudolf Kirchschläger gëtt eng 2. Kéier zum éisträichesche Bundespresident gewielt.
- : Bluddegt Attentat zu 2. AugustBologna an der Gare.
- 14. August: Zu Gdańsk op der Lenin-Werft fänkt e Streik un, dee sech op d'ganz Land ausbreet.
- 26. September: Bommenattentat um Münchener Oktoberfest, 13 Doudeger an iwwer 200 Blesséierter.
- : Bei de Wale fir den däitsche 5. OktoberBundestag gewënnt den Helmut Schmidt, dee Kanzler bleift, géint de Franz Josef Strauß.
Lëtzebuerg
änneren- Mäerz: Déi sougenannt Joerhonnertaffär fänkt un hir Kreesser ze zéien.
- : 1. MäerzFemmes en détresse maachen de Foyer Domitilia op.
- Juli: D'Post féiert véierstelleg Postcodë fir de Bréifverkéier an.
- 21. November: De Gaston Thorn gëtt als President vun der EG-Kommissioun nominéiert.
Afrika
änneren- 12. Abrëll: De liberianesche President William Tolbert gëtt duerch e Militärputsch gestierzt a mat 27 anere Politiker an Zaldoten ëmbruecht.
- 18. Abrëll: Déi lescht brittesch Kolonie an Afrika, Simbabwe (fréier: Rhodesien), gëtt onofhängeg.
Amerika
ännerenUSA
änneren- : De 4. NovemberRonald Reagan gewënnt d'Wale géint den Jimmy Carter.
Mëttel- a Südamerika
änneren- 24. Mäerz: Den Äerzbëschof vun San Salvador, Oscar Arnulfo Romero gouf wärend enger Mass erschoss.
Asien
änneren- 17.–18. Mee: Manifestatioune géint den neie Regime a Südkorea ginn zu Gwangju brutal niddergeschloen; 207 Mënsche si gestuerwen, ronn 1000 schwéier blesséiert ginn.
- 12. September: Militärputsch an der Tierkei.
Ozeanien & Pazifik
änneren- 30. Juli: Vanuatu gëtt vu Frankräich a Groussbritannien onofhängeg.
Noen Osten an Arabesch Welt
änneren- 25. Abrëll: D'Befreiung vun de Geiselen an der amerikanescher Botschaft zu Teheran am Iran klappt net.
- 23. Juli: Israel erkläert Jerusalem zu senger éiweger Haaptstad.
- 22. September: Ufank vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
Konscht a Kultur
ännerenMolerei
ännerenLiteratur
ännerenMusek
änneren- 19. Abrëll: De Johnny Logan gewënnt fir Irland mam Lidd What's Another Year? de 25. Eurovision Song Contest zu Den Haag.
Wëssenschaft an Technik
ännerenDen amerikanesche Fuerscher Alan Guth stellt d'Inflatiounstheorie vir.
Katastrophen
änneren- 18. Mee: De Mount St. Helens an den USA explodéiert an e 700 m déiwe Krater entsteet, 62 Doudeger.
- 23. November: Äerdbiewen a Süditalien, zirka 3.000 Doudeger, 200.000 verléieren hiert Doheem.
Sport
änneren- 13. Februar: Zu Lake Placid fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- 25. Januar: De Walter Röhrl gewënnt d'Rallye vu Monte Carlo op engem Fiat Abarth 131.
- 19. Juli: Zu Moskau fänken d'Olympesch Summerspiller un; si ginn duerch vill westlech Länner wéinst dem sowjeteschen Amarsch an Afghanistan boykottéiert. Déi lëtzebuergesch Delegatioun boykottéiert de Boykott a fiert mat 3 Sportler dohin.
Foussball
änneren- 27. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bréissel 0:5 géint Belsch.[1]
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Uruguay.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu 1. MeeMedan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 1:0 géint Thailand. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Clemens geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 3:2 géint Südkorea. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de 9. MeeJeannot Reiter (2) a Marcel Di Domenico geschoss.[4]
- 11. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:1 géint Japan.[5]
- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:2 géint Birma.[6]
- 14. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:3 géint Südkorea.[7]
- : De Foussballspiller 1. JuliRoby Langers geet vun der Union Lëtzebuerg bei Borussia Mönchengladbach.
- 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.[8]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint d'USA. 4. Oktober[9]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Italien.[10]
- 19. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:4 géint Dänemark.[11]
Gebuer
änneren- : 6. JanuarJoëlle Elvinger, lëtzebuergesch Politikerin.
- 14. Januar: Carlos Alvarado Quesada, costa-ricaneschen Auteur a Politiker.
- 17. Januar: Grégory Rast, Schwäizer Vëlossportler
- 19. Januar: Jenson Button, F1-Pilot.
- 23. Januar: Patricia Gengler, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 29. Januar: Nelson Delgado Almeida Rosario, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 30. Januar: Marlene Weingartner, däitsch Tennisspillerin.
- 15. Februar: Jacques Molitor, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 17. Februar: Brigitte Urhausen, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 20. Februar: Simone Schneider, däitsch-lëtzebuergesch Botanikerin.
- 21. Februar: Gilles Becker, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 25. Februar: Gusty Bausch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 3. MäerzFilip Markiewicz, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 12. Mäerz: Gregory Molitor, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. Mäerz: Ana Beus, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 16. Mäerz: Félix Koch, lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 19. Mäerz: Nathalie Toussing, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 25. Mäerz: Bassirou Diomaye Faye, senegaleesesche Politiker.
- 30. Mäerz: Dan Spogen, lëtzebuergesche Radio-Speaker an Tëleesmoderator.
- 31. Mäerz: Sacha Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 7. AbrëllJérémie Peiffer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Abrëll: Fränk Schleck, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 7. MeeBen Scheuer, lëtzebuergesche Politiker.
- 12. Mee: Rishi Sunak, brittesche Politiker.
- 13. Mee: Saskia Weides, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- : 3. JuniTamim bin Hamad Al Thani, Staatschef vu Katar.
- : 7. JuniLaura Schroeder, lëtzebuergesch Regisseurin.
- : 8. JuniChristine Schaefers, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Juni: Tessy Bamberg-Schitter, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 25. Juni: Paul Bollendorf, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juni: Inma Cuesta, spuenesch Schauspillerin.
- 30. Juni: Marc Burelbach, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 26. Juli: Jacinda Ardern, neiséilännesch Politikerin.
- 27. Juli: Allan Davis, australesche Vëlossportler.
- 24. August: João Carlos Ferreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. August: Chris Pine, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 8. SeptemberGilles Birnbaum, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. September: Yao Ming, chineesesche Basketballspiller.
- 16. September: Michèle Schilt, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 20. September: Luc Thimmesch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. September: Daniele Bennati, Italieenesche Vëlossportler.
- 15. Oktober: Tom Boonen, belsche Vëlossportler a Stroosseweltmeeschter 2005.
- 20. Oktober: Patrik Sinkewitz, däitsche Vëlossportler.
- 17. November: Santo Anzà, italieenesche Vëlossportler.
- 17. November: Sally Debra, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- : 7. DezemberJohn Terry, englesche Foussballspiller.
- 11. Dezember: Tom Janin, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. Dezember: Guy Blaise, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Dezember: Luc Schiltz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 20. Dezember: Ashley Cole, englesche Foussballspiller.
- Natalie Silva, lëtzebuergesch Politikerin.
Gestuerwen
änneren- 23. Januar: Lil Dagover, däitsch Schauspillerin.
- 26. Januar: Harry Hemley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 19. Februar: Philippe Schneider, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 19. Februar: Bon Scott, schottesche Museker.
- 22. Februar: Alfred Andersch, däitsche Schrëftsteller.
- 22. Februar: Oskar Kokoschka, éisträichesche Moler a Schrëftsteller.
- 22. Februar: Jean Wolter, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 26. Februar: Mario Mattoli, italieenesche Filmregisseur.
- : 5. MäerzJean Peusch, lëtzebuergesche Mëller a Politiker.
- Edouard Pierret, lëtzebuergesche Professer an Auteur. 5. Mäerz:
- : 8. MäerzRoland Armontel, franséische Schauspiller.
- : 9. MäerzOlga Tschechowa, däitsch Schauspillerin.
- 12. Mäerz: Ernő Gerő, ungaresche Politiker.
- 24. Mäerz: Óscar Romero, salvadoranesche Geeschtlechen.
- 24. Mäerz: Jean Peters, lëtzebuergesche Modelleur an Aulebäcker.
- 30. Mäerz: Pierre Schaack, lëtzebuergeschen Architekt.
- 31. Mäerz: Jesse Owens, US-amerikanesche Liichtathleet.
- : 3. AbrëllSarah Vaughan, US-amerikanesch Sängerin.
- 15. Abrëll: Jean-Paul Sartre, franséische Philosoph a Schrëftsteller.
- 20. Abrëll: Helmut Käutner, däitsche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 22. Abrëll: Fritz Straßmann, däitsche Cheemiker.
- 27. Abrëll: Mario Bava, italieenesche Filmregisseur.
- 29. Abrëll: Alfred Hitchcock, brittesche Regisseur.
- : 4. MeeJosip Broz Tito, Staatspresident vu Jugoslawien.
- 10. Mee: Henri Crémieux, franséische Schauspiller.
- 10. Mee: Leslie Peltier, US-amerikaneschen Astronom.
- : 7. JuniHenry Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 16. Juni: Alex Werné, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 21. Juni: Bert Kaempfert, däitschen Orchesterleeder, Museksproduzent, Arrangeur a Komponist.
- 22. Juni: Albert Goldmann, lëtzebuergesche Jurist.
- 27. Juni: Marcel Fischbach, lëtzebuergesche Politiker.
- : 1. JuliEmile Raus, lëtzebuergesche Jurist.
- 12. Juli: Arsène Mersch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 17. Juli: Jos Schummer, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 24. Juli: Peter Sellers, brittesche Schauspiller.
- 27. Juli: Mohammad Rezah Pahlavi, Schah vum Iran.
- 11. August: Willi Forst, éisträichesche Filmregisseur a -schauspiller.
- 15. August: Hary Haagen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 20. August: Joe Dassin, US-amerikanesche, franséischsproochege Sänger.
- 26. August: Tex Avery, US-amerikaneschen Zeechentrickfilm-Moler a -regisseur.
- : 7. SeptemberBobby Todd, däitsche Schauspiller.
- 17. September: Anastasio Somoza Debayle, nicaraguanesche Staatspresident.
- 18. September: Joseph Haupert, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. September: John Bonham, Batteur vun der Grupp Led Zeppelin.
- 25. September: Lewis Milestone, US-amerikanesche Filmregisseur.
- Oktober: Paul Thibeau, Direkter vum LGL a Member vum Staatsrot.
- : 8. OktoberMaria Holst, éisträichesch Schauspillerin.
- 10. Oktober: François Huberty, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 14. Oktober: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 18. Oktober: Denise Probst-Massin, belsch-lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 23. Oktober: Auguste Trémont, lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
- : 4. NovemberAlbert Cremmer, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- : 7. NovemberSteve McQueen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. November: Walter Rilla, däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. November: Mae West, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 24. November: George Raft, US-amerikanesche Schauspiller.
- 29. November: Joel Hurstfield, britteschen Historiker.
- : 2. DezemberRomain Gary, franséische Resistenzler, Diplomat, Schrëftsteller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 8. DezemberJohn Lennon, ex-Beatles Museker.
- 24. Dezember: Karl Dönitz, däitsche Groussadmirol.
- 26. Dezember: Charles Reichling, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 31. Dezember: Raoul Walsh, US-amerikanesche Filmregisseur.
Um Spaweck
ännerenCommons: 1980 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 27. Februar 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Uruguay de 26. Mäerz 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Thailand-Lëtzebuerg den 1. Mee 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Südkorea-Lëtzebuerg den 9. Mee 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Thailand-Lëtzebuerg den 11. Mee 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Birma-Lëtzebuerg den 13. Mee 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Südkorea-Lëtzebuerg de 14. Mee 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 10. September 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-USA de 4. Oktober 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien den 11. Oktober 1980 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg den 19. November 1980 op der Websäit vun European Football