Bréck op der Colmer Bréck
D'Bréck op der Colmer Bréck ass eng Stroossebréck, déi d'Nationalstrooss 7 iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen féiert. Se läit um Territoire vun der Gemeng Schieren, an der Uertschaft Colmer Bréck, nërdlech vu Colmer, net wäit ewech vun der Kräizung mam CR123.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Colmer Bréck |
Koordinaten |
49° 48’ 59.4’’ N 06° 05’ 52.0’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck / N7 |
Féiert iwwer | CFL-Linn 1 |
Material | Bëtong |
Bemierkungen | |
Opgaangen | ~ 1960 |
Bei der Bauverwaltung gëtt se ënnert der interner Nummer OA232 gefouert.
Geschicht
ännerenD'Bréck aus Spanbëtong gouf uganks der 1960er Jore gebaut.
Obwuel an der Vergaangenheet eng Rëtsch Aarbechten duerchgefouert goufe fir d'Stabilitéit vun der Bréck ze garantéieren, ass se haut(Januar 2022) an engem kriddelegen Zoustand, sou datt se muss ersat ginn.
Ier déi al Bréck ofgerappt ka ginn, gouf ëstlech dovun eng 45,72 m laang an 130 t schwéier provisoresch stole Bréck opgeriicht, iwwert déi de Stroosseverkéier bis Enn 2023 leeft.
Nodeems verschidde Bauweise fir eng nei Bréck analyséiert goufen, koum derbäi eraus, datt aus techneschen an ästheetesch Grënn just eng Boubréck mat engem Zuchband ((en) Bowstring) a Fro kéim. Déi nei Bréck kritt eng Breet vu 16,5 m, mat ë. a. zwou Fuerbunne vun 3,6 m, engem Fousswee vun 1,7 m op der ëstlecher an engem 2,5 m breede Fouss- a Vëloswee op der westlecher Säit.
Biller
änneren-
Déi aktuell Bréck vun 1960…
-
déi provisoresch…
-
an e Bild vun der neier Bréck.
Um Spaweck
ännerenCommons: D'Bréck vun 1960 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: D'provisoresch Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Reconstruction du pont sur les voies ferrées à Colmar-Berg op der Websäit vun der Bauverwaltung, gekuckt de 5. Februar 2022
- RTL, De Journal vum 29. Januar 2021, mat engem Reportage iwwer déi provisoresch Bréck (Start bei 10:45), op play.rtl.lu gekuckt de 5. Februar 2022
- Frank Weyrich, Eine provisorische Brücke für Colmar-Berg op wort.lu den 31. Januar 2022, gekuckt de 5. Februar 2022