Neipuertsgaass
D'Neipuertsgaass (offiziell: Avenue de la Porte-Neuve) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi d'Groussgaass mam Rond-Point Robert-Schuman verbënnt. Zanter dem 21. Juli 1877 heescht déi Strooss sou, nodeem d'Festung geschleeft gouf, bis bei d'Biedergaass an zanter 1925 bis op de Glacis. Den Numm erënnert un d'Nei Paart déi op hirem Tracé stoung.
Ënnerhal vu(n) | Administration des ponts et chaussées, Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
---|---|
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Deel vun | Nationalstrooss 52 |
Postcode | L-2227 |
Koordinaten | 49°36'51,16"N, 6°7'39,22"O |
Morphologie | |
Längt | 535 m |
Héicht i. M. | 308 m |
Geschicht | |
Genannt | 21. Juli 1877 |
Genannt no | Nei Paart |
Den Deel tëscht dem Boulevard Royal an dem Rond-Point Robert-Schuman gehéiert zur Nationalstrooss 52.
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Am Neutor” geheescht[1].
Beim Forum Royal steet och eng stiliséiert Paart mat op der Südsäit enger Consolatrix-Statu an enger Plack, op der geschriwwe steet:
- PATRIAE DECVS
- ATQVE TVTELA
- LOCO NOVO
- LVCEAT SEMPER
- A.D. XIV KAL.
- DECEMBRES
- MDCCCLXXVI
Den Houfert an d'Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1976.
Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:
REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT
SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI
An dësem renovéierten Deel vun der Stad hunn d'Bierger och déi Statu vun der Helleger Jongfra Maria, déi elo schonn dräi Joerhonnerten iwwer d'Nei Paart waacht, zur Veréierung op en neie Sockel gestalt.
Maria sief deem, deen era kënnt an deem, deen eraus geet, en Zeeche vu sécherer Hoffnung a sécherem Trouscht, 14. Dezember 1976 [2].
-
D'Mariestatu déi iwwer der Paart war
-
D'Tréischterin an der Neipuertsgaass iwwer der stiliséierter Paart
-
D'Nei Paart (1871), a Richtung Stad gekuckt
Um Spaweck
ännerenCommons: Neipuertsgaass – Biller, Videoen oder Audiodateien |