Westen

Haapthimmelsrichtung

Westen ass eng vun de véier Haapthimmelsrichtungen. Den Adjektiv dozou ass westlech. Dës Richtung weist parallel zum Equator, géint d'Dréiung vun der Äerd, also a Richtung Sonnenënnergank. Dobär gëtt a ville Sproochen Ënnergank mat Weste gläichgesat (kuckt och Okzident an Owesland).

Eng Wandrous

Am Algriichesche steet Dysis, Gëttin vum Sonnenënnergank, och eng réimesch Hore, fir de Westen, well hir Aufgab ënner anerem doran bestoung, eng westlech Diir ze bewaachen.

A China steet den Äerdzwäig vum Hunn (酉 yǒu) an d'Trigramm Supp (兌 duí) symbolesch fir d'Himmelsrichtung Westen.

An der nordescher Mythologie droen déi véier Zwergen Norðri, Suðri, Austri a Vestri de Schiedel Ymir, aus deem d'Asen d'Himmelsverwëllef opriichten, Vestri ass den Zwerg vum Westen.

Am iwwerdroene Sënn änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Westlech Welt 


Geeschteschgeschichtlech hat sech fir Europa de Begrëff vum Owesland erausgeformt, an den Owend als Plaz vum Sonnenënnergank d'Himmelsrichtung "Westen" markéiert, am Géigesaz zum Mueresland am Osten, wou d'Sonn opgeet. Zanter den Zäite vum klassesche Griicheland grenzt sech de "Westen" (Europa) kulturell vum "Osten", dem Orient (Asien), of.

Am ethnesch, historeschen an techneschgeschichtleche Sënn bezeechent "Westen" dat ganzt Europa, dat indogermanesch Ufankswuerzelen hat, vu griichesch-réimescher Kultur a chrëschtlecher Religioun geformtt gouf, an eng kollektiv Geschicht virweise kann.

No 1938 koum de Sproochgebrauch vum "demokratesche Westen" resp. de Westmuechte als Géigesaz zu de net-demokratesche Staaten Mëttel- an Osteuropa op.

Am politesch-kulturelle Sënn versteet een ënner dem Westen haaptsächlech Westeuropa an Nordamerika, déi vu Renaissance, Reformatioun, an Opklärung, souwéi verschidden Emanzipatiounsbeweegungen a Revolutiounen am stäerksten beaflosst goufen. Haut gläiche sech d'ostmëtteleuropäesch Staaten politesch a wirtschaftlech ëmmer méi Westeuropa un, beispillsweis duerch de Bäitrëtt zu der Europäescher Unioun.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Baritz, Loren: The Idea of the West, in: American Historical Review 66 (1961), S. 618-640.
  • Bonnett, Alastair: The Idea of the West: Culture, Politics and History, Basingstoke/New York 2004.
  • Carrier, James G. (ed.): Occidentalism: Images of the West, Oxford 1995.
  • Doering-Manteuffel, Anselm: Wie westlich sind die Deutschen? Amerikanisierung und Westernisierung im 20. Jahrhundert, Göttingen 1999.
  • GoGwilt, Christopher: The Invention of the West: Joseph Conrad and the Double-Mapping of Europe and Empire, Stanford 1995.
  • Jackson, Patrick Thaddeus: Civilizing the Enemy: German Reconstruction and the Invention of the West, Ann Arbor 2006.
  • Patterson, Thomas C.: Inventing Western Civilization, New York 1997.
  • Winkler, Heinrich August: Was heißt westliche Wertegemeinschaft?, in: Winkler, Heinrich August: Auf ewig in Hitlers Schatten? Anmerkungen zur deutschen Geschichte, München 2007, S. 180-201.
  • Winkler, Heinrich August: Geschichte des Westens, Bd. 1: Von den Anfängen in der Antike bis zum 20. Jahrhundert, München 2009.