Schabloun Diskussioun:Navigatioun Stroossen an der Stad Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 8 Joer von Les Meloures

Moien,

well ëmmer méi Stroosse bïkommen: wéi solle mer dës Lëscht änneren? Just e Verweis op d'Kategorië vun de Stroossen no Quartier? Wat mat deenen, wou et keng Kategorie no Quartier gëtt? Sollen déi Wichtegst bäibehale ginn? Wa jo, wat fir? --Zinneke (Diskussioun) 10:42, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren

Wann et eng Navigatiounsläischt vun de Stroossen an der Stad ass, solle s'alleguer dra stoen an dat besonnesch well mer soss och guer keng Zesummefaassung méi vun de Stroossen aus der Stad hunn, vü datt se all aus der Haaptkategorie ausgelagert goufen (wat menger Meenung no keng ganz gutt Iddi war) --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Alleguer gëtt irgend eng Kéier ze grouss. An deem Fall wier eng Lëscht wuel dat bescht (mat der Fro:Alphabtesch oder no Quartier?). Bleift d'Fro wat an dâr Këscht soll bleiwen? Oder solle mer se läschen, wann et bis eng Lëscht gëtt? Wou kéinnt een een déi knäipen?--Zinneke (Diskussioun) 11:07, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Mer hunn Navigatiounsläischten déi vill méi grouss sinn wéi déi hei eventuell ka ginn. Bis elo huet nach kee sech iwwer déi beklot. Wann ech an anere Wikie kucken do gëtt et der déi si véiermol sou grouss a Mënnsch fënnt dat aussergewéinlech. --Les Meloures (Diskussioun) 11:50, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Ech hu lo mol d'Avenuen an Boulevarde mat dragesat. Et kéint een allerdéngs fir déi och zwou separat Navigatiounsläischte maachen. Dat géif dat Ganzt reduzéieren. Duerno kann een nach ëmmer déi dräi ënnerenee pechen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:51, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Wann et der Post nogeet da gëtt et an der Stad eng ronn 700 Stroossen a Plazen. Ech wees net op eng Lëscht dovun ons vill géif weiderhëllefen. --Les Meloures (Diskussioun) 13:40, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Moien, ech hat d'Stroossen net méi an der Navigatiounsläischt bäi gesat, well ech mer och net sécher war wéi mer domatter viru fuere sollten. Ech war och der Meenung, wat méi Stroosse bäi kommen, wat d'Läischt manner iwwersiichtlech gëtt.
Ech hat ugefaangen d'Stroossen nëmmen an d'Ënnerkategorien pro Quartier ze tässelen a wollt eventuell eng „Lëscht vun de Stroossen an der Stad Lëtzebuerg“ uleeën. Wann awer gemengt gëtt déi géif ze laang ginn, kann een déi och ewech loosssen. Meng Lëscht ass quasi komplett a kéint warscheinlech mat e bëssen Know-how esou agepecht ginn. --GilPe (Diskussioun) 16:51, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren


Moien et ass u sech näischt géint eng Lëscht ze soen. Mer hunn anerer déi manner nëtzech sinn wéi eng vun de Stroossen an der Stad. Wanns de gären eng Lëscht ulees da kanns de dat gär maachen, ech sinn awer derfir datt mer och eng Navigatiounsläischt sollen hunn. Ech géif déi awer an dräi oder véier Läischten opdeelen, eng mat den Avenuen, eng mat de Boulevarden an eng mat de Stroossen a Gaassen. Wann déi dräi iwwerenee stinn da klappe se zou an et kann ee kucke wat ee wëllt. --Les Meloures (Diskussioun) 17:01, 18. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Navigatioun Stroossen an der Stad Lëtzebuerg".