Rue d'Alsace

lëtzebuergesch Stross
Dës Säit beschäftegt sech mat der Stater Strooss Rue d'Alsace. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rue d'Alsace (Homonymie).

D'Rue d'Alsace ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Place de la Gare am Garer Quartier am Ufank parallell mat, an ënnerzeg vun der Diddenuewener Strooss a Richtung Südwesten. Se féiert da laanscht d'Gebaier vu Paul Wurth an iwwer d'Bréck vun der Rue d'Alsace iwwer d'Eisebunn fir op der Gaasperecher Säit op d'Rue de la Déportation ze stoussen.

Rue d'Alsace
Numm fr: Rue d'Alsace
Fréieren Numm fr: Avenue Prince Henri
Längt ca. 660 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare, Gaasperech
Postcode 1122
Koordinaten 49° 35’ 45.4’’ N
      06° 07’ 48.4’’ O
Genannt no Elsass

Geschicht änneren

D'Strooss huet fréier „Avenue Prince Henri“ geheescht[1].

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue d'Alsace – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann