Rue des Capucins (Stad Lëtzebuerg)
D'Rue des Capucins (op lëtzebuergesch „Kapuzinergaass“) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se leeft vun der Lantergässel op der Plëss aus a Richtung Norden, iwwer d'Groussgaass an d'Beaumontsgaass ewech bis bei d'Biederplaz.
Lëtzeb. Numm |
Kapuzinergaass, Kuelegaass |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1313 |
Koordinaten | 49°36'44,50"N, 6°7'46,85"O |
Morphologie | |
Längt | 230 m |
Héicht i. M. | 307 m |
Geschicht | |
Genannt | 16. Mee 1925 |
Geschicht
ännerenKapuzinergaass
ännerenD'Strooss ass, wéi och den haitege Kapuzinertheater, nom fréiere Klouschter vun de Kapuziner benannt, dat bis 1795 do bestanen huet.
Wärend der franséischer Herrschaft, vum 15. September 1798 bis den 21. September 1807 housch d'Strooss Rue du Soleil.
Kuelegaass
ännerenDe südlechen Deel vun der Strooss, tëscht der Groussgaass an der Plëss huet iwwert e puer Joerhonnerte Kuelegaass[1] geheescht, en Numm dee schonn an engem Dokument aus dem Joer 1517 ze fannen ass. Deen Numm koum vum Kuelemaart, dee bis 1871 do ofgehale gouf.
Duerch d'Decisioun vum Stater Gemengerot vum 16. Mee 1925 gouf d'Strooss vu Rue des Charbons op Rue des Capucins ëmgedeeft.
Biller
ännerenQuellen
ännerenwou net anescht uginn:
- Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an: Ons Stad Nr 76/2004, S. 33
- Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 26. August 1942, S. 3
Um Spaweck
ännerenD'Rue des Capucins an Ons Stad N° 4
Commons: Rue des Capucins (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ oder (fr) Rue des Charbons / (de) Kohlengasse