Ierzewee
Den Ierzewee ass eng Strooss déi vun der Rue de Hamm zu Hamm an der Stad Lëtzebuerg bis an d'Rue de Pulvermühl am Nopeschquartier Polvermillen verleeft.
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Hamm, Polvermillen |
Geschicht | |
Genannt no | Bounäerz |
Am Ierzewee leien nëmmen dräi Haiser (Nummeren 1, 3 a 5) op der Hämmersäit.
Den Ursprong vum Stroossennumm ass drop zeréckzeféieren, datt op der Héicht bei Hamm fréier Bounäerz (och nach Bounenierz[1]) fonnt gouf. D'Äerz gouf vun do aus laanscht d'Uelzecht bis an d'Al Dummeldenger Schmelz bruecht fir do geschmollt ze ginn[2].
D'Indikatioun „Mine de Fer“ op der Ferrariskaart vu 1778 oder de Flouernumm Ierzkaulen weisen drop hin, datt Äerz an der Ëmgéigend vun Hamm fonnt gouf.
Biller änneren
-
D'Haiser am Ierzewee
-
Vun der Hammerstrooss aus gekuckt
Um Spaweck änneren
Commons: Ierzewee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Luxemburger Wörterbuch Bd. 1, Sp. 39 bis 40 op infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwer d'Lëtzebuergescht
- ↑ Evy Friedrich, 1984. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 15: 26-27