D'Rue du Fort Olisy[1] ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Hondhausbréck, do wou d'Rue Vauban an d'Allée Pierre de Mansfeld iwwergeet, laanscht d'Jugendherberg bis bei d'Eisebunnsbréck am Clausener Bierg; e Säitenaarm geet ënnerzeg vum Huelen Zant bis bei den Neie Wee.

Rue du Fort Olisy
Numm lb: Schluechtwee
fr: Rue du Fort Olisy
Längt ca. 580 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 2261
Koordinaten 49° 36’ 44.7’’ N
      06° 08’ 15.5’’ O
Genannt no Fort Olizy

D'Strooss dréit den Numm vum Fort Olizy, engem Deel vun der fréierer Festung Lëtzebuerg. De lëtzebuergeschen Numm Schluechtwee geet op dat fréiert Schluechthaus zeréck, dat 1876 um Uwänner vun der Uelzecht op goung, do wou haut d'Jugendherberg steet. D'Pafendaller Schluechthaus war bis 1902 a Betrib.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue du Fort Olisy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. An eelere Schreifweisen och als Olizy erëm ze fannen