Waassergaass (Stad Lëtzebuerg)

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

D'Waassergaass (offiziell: Rue de l'Eau) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Eck Ënneschtgaass/Clairefontainesplaz/Gruef fortgeet, laanscht de Krautmaart an de Rouscht leeft an um Fëschmaart, am Ufank vum Breedewee, erauskënnt.

Waassergaass
Lëtzeb. Numm Waassergaass,
Niklosgaass
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1449
Koordinaten 49°36'38,74"N, 6°8'0,49"O
Morphologie
Längt 215 m
Héicht i. M. 304 m
Geschicht
D'Waassergaass, op de Rouscht hi gekuckt
Paart op Nummer 20

Den éischten Deel vun der haiteger Waassergaass war bis 1925 d'Niklosgaass (Rue Saint-Nicolas)[1],[2].

Nimm änneren

Den Numm Waassergaass geet net ieren op e besonnesch gudden Accès op Waasser zeréck, wat an der Uewerstad am Mëttelalter gemenkerhand éischter schwéier ze beschafe war an entweeder a Reewaasserzetäre gesammelt oder vu Waasserdréier aus dem Pafendall eropbruecht gouf, mä op d'Wuert wasteler ("Kuch")[3]. An där Zäit war do wuel deen een oder anere Kuchebäcker ze fannen.

Den Deel vun der Strooss tëscht der Ënneschtgaass an dem Krautmaart ass als Niklosgaass bekannt an huet säin Numm vun der ursprénglecher Nikloskierch, déi op der Plaz vum haitege Chambersgebai stoung.

Gebaier änneren

Vun 1917 bis 1971 stoung an der Waassergaass de Ciné de la Cour.

D'Haiser Printz a Richard, op Nr. 12 a 14, sinn de Sëtz vum Chambersekretariat an iwwer eng Passerell mam Chambersgebai verbonnen.

Eenzel Haiser an der Waassergaass stinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter:

Haus-
nummer
Beschreiwung Bild
26, 30, 32 (an op der Parzell 558/213)  

Um Spaweck änneren

Commons: Waassergaass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. „Luxembourg en 1907“, Plang vum Jean-Pierre Biermann
  2. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  3. Michel Pauly: "Wohnviertel in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg." ons stad Nr.102/2013, S.13.