Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rue de Halanzy zu Beggen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rue de Halanzy (Homonymie).

D'Rue de Halanzy ass eng Strooss zu Beggen an der Stad Lëtzebuerg. Se geet vun der Beggenerstrooss no Weste fort verbënnt dës mat der Rue de Marche.

Rue de Halanzy
Numm fr: Rue de Halanzy
Längt ca. 195 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Beggen
Postcode 1712
Koordinaten 49° 38’ 42.7’’ N
      06° 07’ 37.5’’ O
Genannt no Hueldang

Bis uganks vun den 1980er Joren huet den Odonym zu enger Sakgaass zu Hollerech gehéiert.

D'Strooss huet den Numm vun der haiteger belscher Uertschaft Hueldang (fr: Halanzy), déi iwwer Joerhonnerten a bis 1839 zum Groussherzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de Halanzy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren