Avenue Amélie

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

D'Avenue Amélie ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se geet vum Boulevard Prince Henri a Richtung Süd-osten iwwer de Boulevard Royal bis virun d'Fënsterschlass um Eck Biedergaass an Aldringerstrooss.

Avenue Amélie
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1125
Koordinaten 49°36'48,2"N, 6°7'33,1"O
Morphologie
Längt 135 m
Héicht i. M. 307 m
Geschicht
Genannt 21. Juli 1877
Genannt no Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach

Déi zwéin eenzeg Haiser an der Strooss (Nummer 2 an 3) leien am Ufank, um Eck vum Boulevard Prince Henri, vis-à-vis vum Amalia-Monument. Am ëstlechen Deel, um Eck mam Boulevard Royal louch fréier den Hotel Brasseur.

D'Strooss ass beim Schleefe vun der Festung um Terrain vum fréiere Reduit Marie ugeluecht ginn a se gouf 1877 no der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, der Fra vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau genannt[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Amalienstraße” geheescht[2].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Avenue Amélie – Biller, Videoen oder Audiodateien



Referenzen an Notten änneren

  1. Avenue Amélie an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg op www.archives-vdl.findbuch.net, gekuckt de 17. Februar 2020
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.