D'Rue Munkacsy ass eng Strooss am Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. Et ass eng Stéchstrooss déi vun der Hammer-Strooss a Richtung Südoste bis kuerz hannert d'Kräizung mat der Rue Fanny Leclerc féiert.

Rue Munkacsy
Numm fr: Rue Munkacsy
Fréieren Numm de: Breughel-Straße
Längt ca. 120 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Hamm
Postcode 1713
Koordinaten 49° 36’ 23.2’’ N
      06° 09’ 16.1’’ O
Genannt no Mihály Munkácsy

Geschicht änneren

D'Strooss huet den Numm als Ërennerung un den ungaresche Moler Mihály Munkácsy, deen eng Zäit zu Lëtzebuerg um Kolpecher Schlass gelieft a gemoolt huet.

Den Odonym geet op e Beschloss vum Stater Gemengerot vum 4. Juli 1930 zeréck. 1907 hat de Gemengerot deen Numm allerdéngs schonn eng éischt Kéier verdeelt, an zwar fir eng Strooss, déi d'Grenz tëscht der Stad an der deemoleger Gemeng Hollerech gemaach huet. Eng Säit vun där Strooss louch op Stater Gebitt, an d'Haiser op där Säit waren an der rue Munkácsy, déi aner Säit louch um Gebitt vun der Gemeng Hollerech, an op där Säit hunn d'Leit an der rue Ste Zithe gewunnt. An de Joren no der Fusioun vun der Gemeng Hollerech mat der Stad Lëtzebuerg, déi 1920 war, ass d'Bezeechnung rue Munkácsy verschwonnen, wéini genee, ass onkloer. Gewosst ass awer, datt de Stater Gemengerot de 16. Mee 1925 confirméiert huet, datt déi zwou Säite vun der Strooss den Numm Zithastrooss droe géifen[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) war d'Strooss a Breughel-Straße ëmgenannt ginn[2].

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Munkacsy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. R. Link: Un célèbre artiste dans sa ville: la "Rue Munkácsy" à Luxembourg. In: Galerie 27 (2009), No 3, S. 337-354.
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.