Rue du Fort-Wedell
Strooss an der Stad Lëtzebuerg
D'Rue du Fort Wedell ass eng Strooss am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft parallel zu der Place de la Gare, vum Eck vun der Stroossbuerger Strooss an der Joseph-Junck-Stross a südsüdëstlecher Richtung bis bei d'Hollerecher Strooss.
Situatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Postcode | 2718 |
Koordinaten |
49° 35’ 57.7’’ N 06° 07’ 47’’ O |
Si gouf nom Fort Wedell vun der Festung Lëtzebuerg genannt, dat am 19. Joerhonnert ongeféier do stoung wou haut d'Strooss ass. Bis nom Zweete Weltkrich housch se just Rue Wedell, nom preisesche Kavaleriesgenerol a Festungsgouverneur Heinrich von Wedel (1784-1861), deen zu Lëtzebuerg stationéiert war, wéi de Fort gebaut gouf, an no deem dëse genannt gi war.
Gebaier änneren
Biller änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: rue du Fort Wedell – Biller, Videoen oder Audiodateien |