Boulevard de la Foire
Strooss um Belair an haaptsächlech an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg
De Boulevard de la Foire ass eng Strooss um Belair an haaptsächlech an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Stäreplaz a Richtung Nordoste bis bei de Rond-Point Robert-Schuman op der Héicht vum Direktiounsgebai vun der Bauverwaltung.
![]() | |
Ënnerhal vu(n) | Administration des ponts et chaussées |
---|---|
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Belair, Uewerstad |
Deel vun | Nationalstrooss 51 |
Postcode | L-1528 |
Koordinaten | 49°36'55,15"N, 6°7'19,70"O |
Morphologie | |
Längt | 590 m |
Héicht i. M. | 307 m |
Geschicht | |
Genannt | 26 Oktober 1889 |
Genannt no | Schueberfouer |
D'Strooss krut hiren Numm vun der Schueberfouer, der grousser Kiermes, déi Enn August / Ufank September um Glacis gefeiert gëtt[1].
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Marktplatzring”[2].
Gebaier Änneren
Laanscht de Boulevard leien ë. a. dës Gebaier:
- Gebai vun der fréierer Europaschoul, haut Institut national des langues Luxembourg;
- Direktiounsgebai vun der Bauverwaltung
Biller Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Boulevard de la Foire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten Änneren
- ↑ Evy Friedrich, 1982. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 10: 25
- ↑ Luxemburger Wort 1940-10-04, S. 3, Nr. 278: Die neuen Straßennamen.
Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32