Schiggerisgaass
D'Schiggerisgaass (offiziell: rue du Nord) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se verleeft vum Conrotseck (Kräizung Groussgaass mam Krautmaart an der rue du Palais de Justice) a Richtung Norden an dann a Richtung Weste bis op d'Theaterplaz.
Numm |
lb: Schiggerisgaass fr: Rue du Nord |
---|---|
Fréieren Numm |
lb: Bonneggässelchen, Kusack fr: Rue de Kudesach |
Längt | ca. 180 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 2229 |
Koordinaten |
49° 36’ 46.1’’ N 06° 07’ 56.7’’ O |
Geschicht
ännerenAm 11. Joerhonnert gouf d'Strooss als „Bonneggässelchen“ ernimmt, den Numm "rue du Nord" krut se 1825 well se topographesch gesinn am Norde vum Stadzentrum louch. Well et deemools eng Sakgaass war, gouf se dunn och nach Kusack oder Rue de Kudesach (ofgeleet vun cul-de-sac) genannt. Ëm d'Joer 1890 gouf se du bis op d'Theaterplaz verlängert.
De lëtzebuergeschen Numm deen haut nach deelweis am Gebrauch ass, geet op d'Schiggerisfabréck [1] zeréck, déi den Auguste de Saint-Hubert do bedriwwen huet.
Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, hu misse verschidde Stroossen nei benannt ginn, well et vereenzelt Odonymmen e puermol gouf. Aus der „Rue du Nord“ zu Hamm gouf d'Rue des Peupliers an zu Bouneweg ass d'„Rue du Nord“ a Rue des Trévires ëmgenannt ginn[2].
Biller
änneren-
An der Schiggerisgaass
-
Vue op de Conrotseck
-
Wandmolerei op Nr.11 vum Jean-Louis Gilson (Brudder Abraham vun Orval; ëm 1795.)
-
Reklamm fir de Schiggeri Saint-Hubert
Um Spaweck
änneren- D'Schiggerisgaass an Ons Stad N° 30, 1991, S.28.
Commons: Rue du Nord (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Fabrique de chicorée de Saint-Hubert op www.industrie.lu, dem Site vun der Industriegeschicht vu Lëtzebuerg
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11