Rue de l'Ancien-Athénée

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

D'Rue de l'Ancien Athénée ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vun der Ënneschtgaass a Richtung Süden bis op de Boulevard Roosevelt leeft.

Rue de l'Ancien-Athénée
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1144
Koordinaten 49°36'35,03"N, 6°7'49,30"O
Morphologie
Längt 65 m
Héicht i. M. 299 m
Geschicht
Genannt no Stater Kolléisch

Bis 1969 huet Strooss „Rue de l'Athénée“ geheescht wéinst dem Kolléisch dee 1603 vun de Jesuitten nieft der Kathedral, an de Gebaier vun der fréierer Nationalbibliothéik, gegrënnt gouf. D'Schoul ass 1964 op de Geesseknäppchen geplënnert an d'Strooss krut duerno den haitegen Numm[1].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de l'Ancien Athénée – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Evy Friedrich 1979. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 2: 31