Rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg)

D'rue de la Loge ass eng kleng Gässel an der Alstad vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht dem Fëschmaart an der Waassergaass. E Passage, an deem haut en ettlech Restauranten ze fanne sinn, féiert och dohin.

Rue de la Loge
Numm lb: Kréimerhausgaass
fr: Rue de la Loge
Bemierkung um Enn just 1,3 m breet
Längt ca. 70 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 1945
Koordinaten 49° 36’ 39.2’’ N
      06° 08’ 02.5’’ O

Hiren Numm huet se vun der Fräimaurerloge, déi do op der haiteger Nummer 5 hire Sëtz huet. Virdrun housch se bal 500 Joer laang, vun 1358 bis 1854, Kréimerhausgaass, nom Zonfthaus vun de Kréimer, dat op där Plaz stoung.[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 5, rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg).

D'Haus op Nummer 1 gëtt haut Konschthaus beim Engel genannt an ass ë. a. de Sëtz vun enger ganzer Rëtsch vu kulturellen Associatiounen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Konschthaus Beim Engel.

D'Haus Nummer 2 dréit zanter Joerhonnerten den Numm Ënnert de Stäiler an ass eent vun den eelsten erhalenen Haiser an der Stad.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ënnert de Stäiler.

D'Haiser op den Nummeren 5, 7, 9, 4, 6, 8-8b, an den Haff vum Îlot gastronomique stinn zanter 1961 op der Lëscht vum Zousazinventaire (Inventaire supplémentaire) vun de klasséierte Monumenter.[2]

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

D'Rue de la Loge an Ons Stad N° 20

Commons: Rue de la Loge (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Simone Beck: "Von den Krämern zu den Freimaurern." In: ons stad Nr. 23/1986, S. 12-13; hei: S.12.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).